Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Testfluch vun der Ariane 6 fënnt am Juli statt

Europäesch Raumfaart Agence

Éischten Testfluch vun der Ariane 6 fënnt am Juli statt

Déi nei europäesch Trägerrakéit Ariane 6 soll den 9. Juli hiren éischten Testfluch an de Weltall maachen. Dat si 4 Joer méi spéit, wéi ufanks geplangt. Dat huet déi europäesch Raumfaart-Agence ESA haut bekannt ginn.

auto_stories

1 min

ESA Ariane 6 | © Joseph Aschenbacher / X
Foto: Joseph Aschenbacher / X

D‘Ariane 6 soll den 9. Juli zu Kourou an der franséischer Guyane starten. Si ass den Nofollge-Modell vun der Ariane 5, déi vun 1996 bis 2023 am Asaz war.

D‘Ariane 6 soll eng nei Ära vun der Raumfaart markéieren, sou den ESA-Chef Josef Aschenbacher. Si soll Satellitte fir kommerziell an ëffentlech Zwecker an de Weltall bréngen. Si ass däitlech manner deier wéi hir Virgängerin a soll Europa méi kompetitiv a méi onofhängeg am Space-Secteur maachen.