Radioen

On air

Simon Says  |  Odyssey - Native New Yorker (12" Disco Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 14 Länner fuerderen d'Investitiounsbank op méi an d'Verteidegungsindustrie ze investéieren

Als Reaktioun op Russland

14 Länner fuerderen d'Investitiounsbank op méi an d'Verteidegungsindustrie ze investéieren

14 EU-Länner hunn e Bréif un déi Europäesch Investitiounsbank geschriwwen. Si fuerderen d‘BEI op, d‘Investissementer an de Secteur vun der Defense ze stäerken a méi fir déi europäesch Verteidegungsindustrie ze maachen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel

Ënnert deene 14 Länner sinn Däitschland, Frankräich an Italien. Lëtzebuerg ass net dobäi. D‘EU-Kommissioun hat d‘lescht Woch proposéiert, fir déi europäesch Verteidegungsindustrie drastesch eropzefueren, wéinst dem russesche Krich an der Ukrain. Bis 2030 solle 50 Prozent vun de Militärequipementer, déi d‘EU-Länner bestellen, an der EU produzéiert ginn. Haut kënnt de gréissten Deel aus Amerika.