Am 100,7-Interview huet de Luc Frieden nach eng Kéier betount, datt et bis elo nach kee Jo vu Russland zu engem Waffestëllstand ouni Konditioune gesot huet.
“Mir kënnen net feststellen, datt Russland sech un d'internationaalt Recht wëllt halen. An duerfir musse mir d'Ukrain ënnerstëtzen, mee mir mussen och eis eege Sécherheet verstäerken. An duerfir hu mir och gesot, datt zum Beispill d'Sanktiounen net kënnen zeréckgeféiert ginn, well dat wär en Zeeche vun der Schwächst géintiwwer vu Russland.”
Déi Länner, déi sech gëschter um Donneschdeg zu Paräis getraff hunn, wieren also net nëmmen eng Koalitioun vun de Wëllegen, mee eng Koalitioun fir "een zolitten, dauerhafte Fridden an Europa", esou den CSV-Politiker. Mee wann een net bereet ass, d'Sanktioune géigeniwwer vu Russland zeréckzehuelen, liwwert ee Russland domat net e Pretext fir dann awer erëm keng Wafferou ze ënnerschreiwen?
Fir de Moment ginn et "just Gespréicher"
De Luc Frieden ass der Meenung, datt déi Diskussiounen iwwer d'Sanktiounen um Enn vun de Verhandlunge musse sinn, wann et Friddensverhandlunge ginn. Fir de Moment géif et iwwerhaapt keng Verhandlunge ginn, just "Gespréicher" tëschent den USA a Russland. "Soss gëtt et net ganz vill", esou de Luc Frieden. Bis elo hätt een och nëmmen héieren, datt de Wladimir Putin ëmmer erëm nei Konditioune gesat hätt. Elo Sanktiounen opzehiewen, dat wier dat falscht Zeechen.
“Dat kann am Deel si vun engem groussen, dauerhafte Friddensaccord. Mee do ginn et nach vill Etappe virdrun.”
Frankräich a Groussbritannien iwwerhuelen de Lead
Eventuell soll eng international Trupp no enger Wafferou an d'Ukrain geschéckt ginn, ënner der Féierung vu Frankräich a Groussbritannien. Méi Detailer dozou géifen et awer nach keng ginn, betount de Luc Frieden.
“Mir hu gesot, datt mir an deem Sujet weider Aarbechte vun de Chef-d'état-majore mussen hunn. Mat Ausname vu Frankräich an England huet kee sech dozou bis elo ausgeschwat, well fir d'éischt muss gekläert ginn - och iwwregens fir Frankräich an England - wat ass de Rôle vun deenen Zaldoten?”
Dozou géinge Froe gehéiere wéi: Zu wéi engem Moment gi si agesat? Wat geschitt, wann eppes geschitt? Wat dierfe si da maachen. Länner wéi Lëtzebuerg gesäit de Premier iwwerdeems éischter an enger anerer Roll.
“Datt een op eng aner Aart sech un esou Saache bedeelegt, sief dat mat Satellittecapacitéiten oder Änlechem.”
Fir eng weider Entrevue an där Konstellatioun gëtt et iwwerdeems nach kee fixe Rendez-vous, huet de Premier verroden. Et verbleift een tëschent de Länner awer an "enkem Kontakt", och fir Russland ze weisen, datt een eng breet Koalitioun hätt. De franséische President an den englesche Premier solle bis op Weideres déi "naturell Spriecher" par rapport zu Amerika a par rapport zu Russland bleiwen, esou nach de Luc Frieden.