Radioen

On air

Simon Says  |  Alex Ebert - Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg organiséiert déi europäesch Wëssenschaftsolympiad

Wëssenschaft

Lëtzebuerg organiséiert déi europäesch Wëssenschaftsolympiad

Nach bis den nächste Sonndeg sinn hei zu Lëtzebuerg déi europäesch Wëssenschafts-Olympiaden. 140 Jonker aus 25 Länner kommen dofir zesummen. Et ass ee Concours fir Schüler, déi tëscht 15 a 17 Joer al sinn.

auto_stories

2 min

De Jeff Kohnen ass President vun der ASBL Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles.

D‘Epreuvë ginn op der Uni Lëtzebuerg um Lampertsbierg am Beräich vun dräi Disziplinnen ofgehalen: An der Bio, der Chimie an an der Physik. Et si praktesch Aufgaben, déi an enger Ekipp zu dräi mussen iwwer zwee Deeg geléist ginn, erkläert de Jeff Kohnen, President vun der ASBL Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles.

“Mir simuléieren do e bëssen den Alldag vun engem Fuerscher, deen eben och an der Ekipp muss schaffen."

A 25 Länner hu sech jeeweils déi 6 bescht Schüler qualifizéiert. Si gi pro Land virbereet. Dat wier awer ganz ënnerschiddlech vu Land zu Land, preziséiert de Jeff Kohnen.

D‘Theema vun den Epreuven ass nach geheim

Eng Lëtzebuerger Jury mat 13 Leit huet wärend zwee Joer dru geschafft, fir déi Theemen ze entwéckelenat . Dwier relativ vill Aarbecht, déi doranner stécht. Et misst ee praktesch Epreuven entwéckelen, déi dono och gutt kënnen evaluéiert ginn. D’lescht Joer goung et ëm den Danz, seet de Jeff Kohnen.

“D’lescht Joer ware mir zu Riga a Lettland, an do war dat Theema zum Beispill Gesang an Danz aus der Siicht vun der Wëssenschaft, wou dann eebe ganz vill Experimenter an der Chimie, der Bio an der Physik ze maache waren. Zum Beispill eeben akustesch Experimenter an der Physik waren do gefrot, wou d'Schüler dann hu misse prezis Äntwerte liwweren.“

Schülerinnen nach ëmmer minoritär

Un där Olympiad huele Schüler am Alter tëscht 15 a 17 Joer Deel. 2024 sinn ongeféier zwee Drëttel Jongen an een Drëttel Meedecher dobäi.

“...mee leider ass et nach sou, datt a verschidde Beräicher, wéi der Physik, d'Jongen, nach ëmmer méi ee staarken Interêt weisen aktuell wéi Meedercher. Mee et gëtt awer, mengen ech, op europäeschem Niveau dru geschafft, datt mir dat, mëttelfristeg ausgeglach kréien.“

Wëssenschaft a Renconter mat aner Kulturen

Nieft der wëssenschaftlecher Aarbecht an Erfarung fir déi Jonk ass et mat där Olympiad d’Méiglechkeet aner Kulture kennenzeléieren.

Mat där Olympiade wëllt een awer och dat Matenee promovéieren, erkläert de Jeff Kohnen. Et wier wichteg, datt vill Jonker aus ganz Europa bäienee kéimen a sech kenneléieren.

„Et gesäit een an der aktueller Weltgeschicht ëmmer, datt dat op ville Plazen net normal ass, an dofir ass et ganz wichteg, déi Jonk aus ganz Europa beieneen ze bréngen an hinnen ze weisen, wéi wichteg déi europäesch Communautéit ass.“