Radioen

On air

Notturno  |  Neil Young - Harvest Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte kommerzielle Vol vun der Ariane 6 soll muer sinn

Weltraum

Éischte kommerzielle Vol vun der Ariane 6 soll muer sinn

Deen éischte kommerzielle Vol vun der europäescher Rakéit Ariane 6 ass fir muer um Donneschdeg geplangt. D'Rakéit soll vu Kourou an der franséischer Guyane fortfléien, fir e Militärsatellit an den Ëmlaf ze bréngen.

auto_stories

1 min

Ariane 6 | © picture alliance/dpa | Rachel Bossmeyer
Ariane 6 (Foto: picture alliance/dpa | Rachel Bossmeyer)

De Start gouf schonn e puermol verluecht. Fir d'lescht war dat ufanks der Woch de Fall. D'Ariane 6 soll Europa een onofhängegen Accès zum All sécheren. Si gouf am Summer zejoert mat Succès getest, mee hat bis elo nach kee kommerzielle Vol.