Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsche Waasserstoff zu Lëtzebuerg?

Energie

Belsche Waasserstoff zu Lëtzebuerg?

Dynamesch, oppen an zouverlässeg – mat deene Wieder huet Lëtzebuerg sech selwer de Mëttwoch um zweeten Dag vun der aktueller Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an der Belsch presentéiert. Mat iwwer 120 Entreprisen als Deel vun der Delegatioun brécht dës Visitt e Rekord. Well och wann déi ekonomesch Bezéiungen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg laangjäreg an enk sinn, sollen op dëser Visitt weider wirtschaftlech Lienen entstoen, notamment dee vun der Waasserstoffenergie.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Grand-Duc an enger Fabrik fir Waasserstoffmotoren | © 	© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue play_arrow
De Grand-Duc Henri start ee Waasserstoffmotor. (Foto: Maison du Grand-Duc / Sophie Margue)

De Mëttwoch de Moien an der Hafestad Ghent am Nordweste vu der Belsch huet dierfen de Grand-Duc Henri e Motor uschmäissen: E Motor, dee just mat Waasserstoff funktionéiert. De Grand-Duc, de Wirtschaftsminister Lex Delles, d’Defenseministesch Yuriko Backes an aner Vertrieder vun der Lëtzebuerger Delegatioun hu sech hei erkläre gelooss, wéi dee Waasserstoff produzéiert gëtt, a wéi dee mëttelfristeg och op Lëtzebuerg soll geliwwert ginn.

Wéini genee dat de Fall soll sinn, ass nach net gewosst. Eng Lettre d’Intention, déi gëscht ënnerschriwwe gouf, wier elo eng éischt Etapp, mee net déi lescht, heescht et aus dem Wirtschaftsministère. De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles huet gemengt „dat muss een haut plangen, fir dass et muer do ass“.

Vun engem konkreten Datum wier een awer nach wäit ewech.

E grousst Pipeline-Netz

De Wirtschaftsminister huet iwwerdeems erkläert, datt dee Projet sech net just op Lëtzebuerg reduzéiere soll. Iwwer e Pipeline-Netz soll de Waasserstoff an Zukunft a ganz Europa verdeelt ginn a Lëtzebuerg mam Rescht vun Europa verbannen.

„Op der anerer Säit ass et natierlech och wichteg, wa mir vun der ganzer Decarbonisatioun schwätzen, ass eng vun de Prioritéite vun der Regierung natierlech den Hydrogen mat eranzebréngen.“

Waasserstoff ass net Waasserstoff

De groussen Ënnerscheed zu anere Moleküllen, wéi Äerdgas oder Pëtrol, ass, datt Waasserstoff keen CO2 fräisetzt. Mee et ass awer net automatesch eng gréng Energie, erkläert de Lex Delles.

"Et gëtt jo déi verschidde Faarwen, de gréngen, de wäissen, de mauven, de brongen, de groen, de schwaarzen. Also et gëtt allméiglech Reeboufaarwen.“

An déi Faarwe bedeiten all eppes aneres, jee nodeem wéi eng Energiequell fir d’Hierstelle vu Waasserstoff genotzt gëtt. Schwaarzen, brongen, groe Waasserstoff ass aus Kuel, an Äerdgas – deemno fossil, a keng erneierbar Energien. Rosae Waasserstoff gëtt produzéiert mat Stroum aus Atomzentralen, erkläert de Pit Losch, Expert fir erneierbar Energien am Ministère. De grénge Waasserstoff gëtt iwwerdeems aus erneierbaren Energië produzéiert.

Och mat Frankräich an Däitschland soll zesummegeschafft ginn

Aus deem Grond war sech déi Lëtzebuerger Delegatioun am Kader vun der Staatsvisitt an der Belsch de Moien dann och Entreprisen ukucken, déi am Domaine vun der Waasserstoffenergie schaffen. D’Zesummenaarbecht vu Lëtzebuerg soll sech awer net just op d’Belsch beschränken, heescht et nach aus dem Wirtschaftsminsitère. Och Frankräich an Däitschland sollen a Saache Waasserstoffenergie mat agebonne ginn.

Lauschterenplay_arrow