Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verschäerften Asylreegelen: 60 Männer aktuell op der Waardelëscht

Immigratioun

Verschäerften Asylreegelen: 60 Männer aktuell op der Waardelëscht

No der Verschäerfung vun den Asylreegelen zejoert fir männlech Flüchtlingen, déi eleng op Lëtzebuerg kommen, stounge bis déi lescht Woch insgesamt 280 betraffe Männer op enger Waardelëscht fir eng Plaz ënnerdaach ze kréien. 60 dovun stinn aktuell nach op der Lëscht.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken
(Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken)

Dës Zuele ginn aus enger Äntwert vum zoustännege Minister Max Hahn op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng ervir. 

Dat hätt och een Impakt op d‘Wanteraktioun. Vu Mëtt November bis Enn Dezember huet d‘Wanteraktioun an der Moyenne 31 Asyldemandeure pro Nuecht opgeholl. D‘Capacitéit an der Noutstruktur um Findel gouf och ëm 50 Better eropgesat, vun 250 op 300.

Am Duerchschnëtt waren am Dezember 222 Leit bei der Wanteraktioun ënnerbruecht, den Héichpunkt war de 27. Dezember, mat 252 Leit.

Um Site vun der Wanteraktioun huet d‘Arméi rezent och eng 20 gehëtzten Zelter opgeriicht fir weider Leit do ënnerzebréngen, fir op eng Urgence kënnen ze reagéieren, wa weider zousätzlech Better géife gebraucht ginn, sou nach de Minister.