An engem nächste Schrëtt gëtt den Text nach un d’conférence des présidents weidergeleet, ier en dann an der éischter Mäerzwoch an der Plenière gestëmmt wäert ginn. Bis op e puer Amendementer am Wording vum Rapport gouf et an der Institutiounekommissioun keng gréisser Ännerunge méi.
Gëtt Zweedrëttel-Majoritéit erreecht?
Fir eng Verfassungsännerung brauch et eng Zweedrëttel-Majoritéit an der Chamber. De Rapporter vun der Proposition de révision, de Marc Baum vun déi Lénk, wéisst sech zouversiichtlech, datt den Text do och mat enger grousser Majoritéit ugeholl gëtt.
“Ech hunn awer och haut gesinn, datt dann déi eventuell Wackelkandidate gewiescht wieren, awer haut och de Rapport ugeholl hunn, zumindest ee vun deenen, soudatt ech mengen, datt mer wierklech eng grouss Majoritéit kréien"
Den Deputéierte vun déi Lénk, den dës Debatten iwwerhaapt ugestouss hat ass zouversichtlech, datt de Projet méi wéi 40 Stëmme wäerte kréien. An datt domat déi néideg Majoritéit erreecht ass, fir datt d'Recht op Ofdreiwung dann och wierklech an d'Verfassung ageschriwwe gëtt, heescht et vum Marc Baum. Insgesamt sëtze 60 Deputéiert mat Stëmmrecht an der Chamber.
Just ADR huet Rapport net matgedroen
An der Kommissioun gouf de Rapport mat den Amendementer vun alle Parteien ugeholl, eenzeg d’ADR huet de Rapport net matgedroen an och schonn ugekënnegt, beim Vott an der Chamber dergéint ze stëmmen.
LSAP an déi gréng wäerten integral matstëmmen
All d’Deputéiert vun der LSAP a vun déi gréng wäerten de Projet matstëmmen, dat hunn d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an d’déi-gréng-Deputéiert Sam Tanson annoncéiert. Si schwätze vun engem grousse Moment fir d’Selbstbestëmmung vun der Fra.
CSV keng eenheetlech Parteilinn
Och de President vun der Institutiounekommissioun an CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet gesäit et als wahrscheinlech, datt an der Chamber déi néideg 40 Stëmmen zesummekommen.
“Also mir wäerten an der Fraktioun sécherlech och nach eng Kéier eng Diskussioun doriwwer féieren. Da ka jidderee seng Meenung soen. Ech kann Iech elo net soen, wéi déi aner 20 sech decidéiert hunn."
À ce stade géif hien awer dovun ausgoen, datt an der Chamber eng Zweedrëttel Majoritéit wäert zesummekommen.
"Fräiheet" amplaz "Recht" op Ofdreiwung
Schonn an der leschter Kommissiounssitzung gouf sech op de Begrëff “Fräiheet” amplaz “Recht” op Ofdreiwung an der Verfassung gëeenegt. Dem Rapporteur Marc Baum no hätten dës Begrëffer an der Verfassung awer dee selwechte Stellewäert.
De Staatsrot huet a sengem leschten Avis präziséiert, datt an der matière constitutionnelle ënnert dem Kapitel vun de Libertés publiques keen Ënnerscheed gemaach gëtt tëschent engem “Droit” an enger “Liberté”.