De Gilles Roth hätt net misse mathëllefen, de Premier Luc Frieden vun der Noutwendegkeet vun enger Tripartite ze iwwerzeegen. Dat sot de Finanzminister am 100,7-Interview.
“De Premier ass intelligent genuch an huet dat richtegt Gespier an huet et selwer gemaach.”
Dat ännert näischt dorun, datt ee vu baussen den Androck huet, de Premier hätt dem Drock vun aneren Acteuren - notamment och dem Koalitiounspartner DP - noginn.
"Ergebnisoffen" an d'Tripartite goen
D’Begrënnung vum Luc Frieden elo eng Tripartite anzeberuffen ass nämlech de Krich am Iran an deem seng Konsequenzen op d’Land. Net also well d’Gewerkschafte scho méintelaang eng Tripartite fuerderen.
Eng Tripartite géing zum Sozialmodell gehéieren, betount de Gilles Roth, an déi sozial Kohäsioun misst beuecht ginn. Dofir wier hie frou, datt de Sozialdialog elo virugeféiert géing ginn.
“Ech hoffen, datt mir zesummen zu dräi an déi Tripartite ergebnisoffen eraginn, zesummen diskutéieren, wéi mir et zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, op Aenhéicht, an zesummen do erauskommen.”
D’Fro bleift: Ginn nieft de Konsequenze vum Krich och nach aner Theemen ugeschwat? Aus de Medien hätt hien héieren, datt bis elo keen Acteur eng rout Linn gezunn hätt, seet de Gilles Roth, a betount nach emol, datt jiddereen “ergebnisoffen” do era sollt goen.
Spritpräisser als den eenzege Grond?
Déi Haaptfro, ob déi een eng Äntwert misst fannen, wier déi, wéi een d’Kafkraaft vun de Leit an d’Wettbewerbsfäegkeet vun de Betriber weider stäerke kéint.
E grousse Sujet sinn dobäi d’Spritpräisser: Am Verglach zum Februar ass den 98er ëm 21 Cent méi deier ginn, de 95er ëm 24 Cent, den Diesel 33 Cent an de Mazout ëm 34 Cent.
D’Fro un de Gilles Roth: Muss ee just dowéinst eng Tripartite aberuffen?
Et wier net just wéinst de Spritpräisser, erkläert de Finanzminister, an nennt och d’Problemer um Wunnengsmaart als een Argument. Gläichzäiteg verteidegt hien den Indexmechanismus, deen een “Element vun enger gewësser Stabilitéit” wier.
Eng ongewëss Zukunft mécht d'Preparatioun net méi einfach
Dem Premier no wieren awer d’Konsequenze vum Krich - an dat sinn haaptsächlech d’Spritpräisser - de Grond eng Tripartite anzeberuffen. De Gilles Roth mécht awer dorop opmierksam, datt net auszeschléissen ass, datt et zu enger weltwäiter Inflatioun ka kommen. Dofir hätt de Premier och de richtege Moment gerode fir déi Tripartite elo anzeberuffen, mengt de Finanzminister.
Ronn ee Mount gëtt sech Zäit gelooss, fir d’Tripartite ze preparéieren. An där Zäit kann awer nach villes geschéien. Kee weess, wéi et am Noen Oste virugeet. Dofir hätt de Premier och schonn eng Rei Virgespréicher mat eenzelen Acteure gehat, erkläert de Gilles Roth.
Op d'Finanzplaz schéngt Verlooss ze sinn
Déi nächst grouss Fro, déi sech stellt, ass déi vun de Suen: Wéi vill Geld ass disponibel, fir eventuell Moossnamen ze finanzéieren? Et géing een net mat enger fixer Enveloppe an d’Gespréicher eragoen, mierkt de Gilles Roth un. Et misst ee kucken, wéi sech déi budgetär Situatioun vum Land mëttelfristeg entwéckelt. Dobäi géing d’Dynamik vun de Recetten eng Roll spillen.
“Bei eis zu Lëtzebuerg sinn d’Recettë bësse Konjunktur-onofhängeg, well se haaptsächlech vun de Betriber op der Finanzplaz gedriwwe ginn.”
Hien erwaart sech dofir och an noer Zukunft, datt d’Finanzplaz gutt Zuele schreift, an de Staat dovu profitéiere kann.
De Finanzminister ass sech awer och bewosst, datt ee sech net erlabe kann, datt d’Depensë méi séier wuesse wéi d’Recetten.
“Mir mussen dee globalen Equiliber fäerdegbréngen, dann ass den néidege Sputt do.”
Wéi héich dierf d'Staatsschold ginn?
Déi faméis Limitt vum Equivalent vun 30 Prozent vum PIB als Schold soll net iwwerschratt ginn. Dat war allefalls mol bis elo ëmmer de Credo. Gëllt dat nach?
Dat wichtegst wier, datt den Triple A assuréiert wier, mengt de Gilles Roth. Lëtzebuerg ass aktuell just eent vun dräi Länner an Europa mat deem Rating. Hie betount awer och, datt d’Regierung an hirem Programm sech ni op déi 30-Prozent-Limitt festgeluecht hätt. Hie géing awer dru schaffen, dat och weiderhin ze ënnerbidden.
“Ech wëllt d’Trajectoire vun der Schold esou flaach wéi méiglech halen.”
Wat déi generéis Steierreform ugeet ass de Finanzminister optimistesch an houfreg. Optimistesch, well se am Interessi vu méi Steiergerechtegkeet e grousse Schratt no vir wier. Houfreg, well no ville Joren endlech eng Reform op den Dësch geluecht gouf.