arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UEL-President: Tripartite fir iwwer Konsequenze vun internationaler Kris ze beroden

Tripartite

|
reading time

2 min

UEL-President: Tripartite fir iwwer Konsequenze vun internationaler Kris ze beroden

Et wier wichteg bei der Tripartite ee gewëssen Ordre du jour ze respektéieren, dat sot dem UEL-President Michel Reckinger bei eis op der Antenn. Bei dëser Ronn géif et drëms goen d'Konsequenze vun der aktueller internationaler Kris, un där Lëtzebuerg näischt ännere kéint, an de Grëff ze kréien.

reading time

2 min

D’Konsequenze vun der aktueller internationaler Kris, un där mir vu Lëtzebuerg aus gesinn näischt kéinten änneren, misst ee probéieren an de Grëff ze kréien. Dat wier de But vun dëser nationaler Tripartite, mengt den UEL-President Michel Reckinger 

Hausse bei Materialpräisser am Bau

Den Impakt vun der Hausse vun den Energiepräisser wier schonn do, eng Erhéijung vun de Materialpräisser, zum Beispill am Bau, wier amgaange sech bemierkbar ze maachen. D’Tripartite wier ee Kriseninstrument, dowéinst dierft een thematesch och net dovunner ofkommen.  

"Mir sollen eis wierklech limitéieren am Ordre du jour, fir déi Kris elo ze bekämpfen oder d'Konsequenze vun där Kris. A mir missten eis, well all déi aner Punkten, wou mir eis jo entweeder net eens ginn oder wou mir eis net gesinn op deenen normalen Dëscher, déi wäerte jo elo net op eemol hei, just well dat Ganzt Tripartite heescht, geléist kënne ginn."

D’UEL géif iwwerdeems ouni konkreet Demande an d’Tripartite eragoen. Et géif ee sech elo virbereeden, op Basis vun de Zenarie vum Statec, esou de Michel Reckinger vum Patronatverband UEL.