arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ass et zur dëser Tripartite komm? D'Meenunge vun den Deputéierte ginn auserneen

Tripartite

|
reading time

3 min

Wéi ass et zur dëser Tripartite komm? D'Meenunge vun den Deputéierte ginn auserneen

D'Decisioun vum Premierminister Luc Frieden fir eng national Tripartite anzeberuffe krut gëschter vill Zoustëmmung vun den Deputéierten aus der Aarbechtskommissioun. Fir d'Deputéiert vun der LSAP, déi gréng an déi Lénk wier d'Decisioun vun der Regierung awer ze spéit, an net aus fräie Stécker komm.

reading time

3 min

Chamberdatt Oppositioun | © Chamber
Chamberdatt Oppositioun (Foto: Chamber)

D’Deputéiert waren der Meenung, datt et de richtege Choix war eng Reunioun tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat anzeberuffen. D’Deputéiert vun der LSAP, déi gréng an déi Lénk hunn awer kritiséiert, datt et ze laang gedauert hätt bis d’CSV-DP-Koalitioun déi Decisioun elo geholl huet. 

E Kapitän ouni Schëff? 

De Luc Frieden hätt dem Drock, deen zum Deel och aus den eegene Reie koum, net méi duergehalen, mengt den LSAP-Deputéierte Claude Haagen. Vue déi aktuell Entwécklungen hätt een dës Decisioune scho laang virdrun treffe kënnen, mengt den LSAP-Deputéierten. 

"Wann ech d’politesch Situatioun, wéi se an deene leschte Woche war, kucken, dann ass zwar den Här Frieden e Kapitän vun engem Schëff, mee et huet sech ëmmer méi bewisen, datt en herno vläicht Kapitän bliwwe wier ouni ee Schëff an dofir ass déi doten Decisioun komm".

Och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard ass der Meenung, datt de Premierminister dem Drock vu baussen noginn huet.

"Ech mengen net, dass dat heiten en Outil ass, deen de Premierminister arrangéiert, mee en ass dem Drock nokomm, well e soss kee Choix hat."

Ëffentlechen Drock net Grond fir Tripartite

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann ass dogéint net der Meenung, datt den ëffentlechen Drock d'Ursaach dofir ass, datt eng Tripartite aberuff gouf. D’Decisioun wier aus den Diskussioune vun de leschte Wochen eraus gefall, esou d’Carole Hartmann. Wat genee op den Ordre du jour soll kommen, dorop wollt si sech net festleeën.

Anescht den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum: 

"Also, mat den Energiepräisser natierlech ugefaangen, mee virun allem den Erhalt vun der Kafkraaft."

Et kéint sech eng Situatioun ofzeechnen an där ee riskéiert eng zweet Indextranche ze kréien, mengt de Marc Baum. Et géif ee gesinn, datt d'Logementspräisser weider evoluéieren. Dat wieren alles Elementer, déi Deel vun engem grousse Package gi missten, esou den Deputéiert vun déi Lénk. 

Bis kloer ass, wat genee um Ordre du jour vun der Tripartite steet, wäert et nach e bëssen daueren. De Premierminister Luc Frieden hat bei der Annonce vun der Tripartite och ugekënnegt sech an den nächste Woche mat de Sozialpartner iwwer méiglech Sujete wëllen auszetauschen.

Well d’Energiekris duerch d’Situatioun am Noen Oste wuel wäert Konsequenzen op Europa an op Lëtzebuerg hunn, hat d’Regierung gëschter decidéiert eng national Tripartite anzeberuffen.