arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Wolff: D'Theema Mindestloun ass wichteg, mee net fir déi kommend Tripartite

Staatsbeamtegewerkschaft

|
reading time

3 min

Romain Wolff: D'Theema Mindestloun ass wichteg, mee net fir déi kommend Tripartite

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP weist sech erliichtert, datt elo eng Tripartite aberuff gouf, huet awer direkt och e Message un d'Regierung: Theeme wéi de Mindestloun hätten näischt an där Tripartite verluer. Dat, well et net Deel vun der Kris ass, déi den Ausléiser vun der Tripartite ass.

reading time

3 min

Romain Wolff, President vun der CGFP  | © 100,7
Romain Wolff, President vun der CGFP (Foto: 100,7)

Och d’CGFP ass frou, datt et elo ufanks Juni zu enger Tripartite kënnt. Op hirem Internetsite huet d’Staatsbeamtegewerkschaft awer scho getitelt: “Tripartite ja, aber ohne Indexeingriff.

Den Index dierf net a Fro gestallt ginn

Et géing de CGFP-President Romain Wolff net wonneren, wann d’Theema Index op d’Tapéit géing kommen. Duerch de Krich am Noen Oste geet d’Inflatioun erop, an et kann ee mat weideren Indextranchë rechnen. Den Index ze hannerfroen dierft awer net Theema vun der Tripartite sinn.

“Déi Situatioun, déi stellt sech am Moment net, mee kloer ass, mir halen esou un deem System fest, wéi en ass.”

"D'Leit erwaarde sech, datt sech eppes deet"

D’Tripartite ass eréischt fir ufanks Juni geplangt. Bis dohi kann nach vill geschéien. An d’Leit géingen op Reaktioune waarden, mengt de Romain Wolff, dee betount, datt och no der Tripartite nach net all Mesure direkt kann ëmgesat ginn.

Dat, wat d’Leit aktuell grad am meeschte mierken, sinn d’Auswierkunge vum Krich op d’Spritpräisser. Mee d’Nowierkunge wäerte vill méi wäit goe wéi dat. Do ass sech de Romain Wolff sécher an nennt Liewensmëttelpräisser, Zënsen an de Präis vum Dünger als e puer Beispiller.

“Et geet net duer, just dat mat der Energie ze kucken. Dat ass den Ausléiser an dat, wat d’Leit mierken. An Däitschland a Frankräich si scho Mesurë getraff ginn. D’Leit erwaarde sech, datt sech eppes deet.”

Den Onsécherheetsfaktor stellt e grousse Problem duer, dat weess och de CGFP-President. Egal wéi wéisst hien awer, datt et an enger Tripartite ëmmer op Kompromësser géing erauslafen, an Entscheedungen am Interêt vum Land solle geholl ginn.

CGFP warnt virun iwwerlaaschtem Ordre du jour

Hie geet och dovun aus, datt d’Regierung dës Tripartite net eréischt elo ufänkt mat plangen. Et soll jo zu enger Rei Virgespréicher mat Premier Luc Frieden kommen. Wichteg ass fir d’CGFP den Ordre du jour vun der Tripartite, an do huet si e klore Message un den Organisateur: D’Regierung.

“Den Ordre du jour dierf net iwwerlaascht ginn. Wann dat geschitt ass, dann ass et vu virera quasi onméiglech zu engem Accord ze kommen.”

D’Union syndicale huet dat anescht gesinn a scho gesot, si géingen och gär iwwer de Mindestloun schwätzen. Datt dat e wichtegt Theema ass streit de Romain Wolff net of, mee dës Tripartite sollt sech mat der Kris beschäftegen, wéinst där si aberuff gouf, a mat soss näischt.

Scholdebrems vun 30 Prozent vum PIB: Net méi a Stee gemeesselt?

Op enger Linn mat de Gewerkschaften – an och mam Patronat – ass d’CGFP, wat aner Ziler ugeet: De Leit an de Betriber ze hëllefen.

Fir dat ze maache brauch et awer vill Suen. Suen, déi deemno wéi net am Iwwerfloss disponibel sinn. Déi selwer operluechte Scholdebrems vun 30 Prozent vum PIB schéngt net méi esou a Stee gemeesselt ze sinn, wéi dat mol an der Vergaangenheet war. Dat huet och de Romain Wolff bemierkt.

“Et huet een d’Impressioun, wéi wann déi Limitt net méi ganz esou gëllt. Mee par rapport zu anere Länner steet eist Land awer nach gutt do. Ech ka mir awer virstellen, datt dat geschéie kann, wann en d’Defenseausgabe kuckt, d’Steierreform, an elo d’Tripartite.”

De Romain Wolff zitéiert iwwerdeems de Gilles Roth, dee gëschter bei eis am Interview betount huet, un der generéiser Steierreform festhalen ze wëllen.