Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ Véier Leit vun Autoen zu Lëtzebuerg ugestouss

CGDIS

Véier Leit vun Autoen zu Lëtzebuerg ugestouss

Gëschter Owend goufen zu Lëtzebuerg véier Leit vun Autoen ugestouss a blesséiert, dat mellt den 112. D‘Accidenter waren op verschiddene Plazen.

auto_stories

1 min

Zu Diddeleng goufen zwou Persounen an der Route de Luxembourg ugestouss; zu Angelduerf gouf eng Persoun an der Route d‘Ettelbruck ugestouss; an zu Miersch war et an der Rue Colmar Bierg, wou och eng Persoun, vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf. All déi Accidenter waren tëscht 5 an hallwer 7 gëschter Owend.