Medieberichter no sollen ënnert den Affer och Fraen a Kanner sinn.
Nom Ausbroch vum Gaza-Krich haten d‘Huthi ugefaangen de jiddesche Staat aus Solidaritéit mat der Hamas mat Rakéiten an Dronen unzegräifen a Schëffer ze attackéieren, déi eng angeblech Verbindung zu Israel hunn.
USA sollt sech aus iranescher Aussepolitik raushalen
Op sengem sozialen Netzwierk huet den US-President den Iran opgefuerdert déi militäresch a finanziell Ënnerstëtzung vun der Miliz direkt ze stoppen. An enger éischter Reaktioun huet den Iran d‘Attacken op d‘Huthi schaarf verurteelt. Den iraneschen Ausseminister huet d‘Revendicatioune vum Trump refuséiert. D‘USA hätte kee Recht sech an déi iranesch Aussepolitik anzemëschen, huet hien op X geschriwwen.