De Wladimir Putin huet dem US-President Donald Trump Merci fir dës Initiative gesot. Och Russland wier d‘accord, datt de Krich misst op een Enn bruecht ginn, allerdéngs wéilt hien een dauerhafte Fridden, an net nëmmen eng kuerz Paus vun den Hostilitéiten.
Eng Konditioun, fir dës proposéiert Wafferou ze akzeptéieren, wier och, datt d‘Fro vun den ukraineschen Truppen am Gebitt Kursk gekläert géif ginn. Et géif dovun ofhänken, wéi déi russesch Truppen do viru géife kommen. Doriwwer eraus géifen och nach vill Froen opstoen iwwer d‘Kontroll vun der Wafferou, sou de Putin viru Journalisten.
Den amerikaneschen Ukrain-Emissär Steve Witkoff ass haut um Donneschdeg zu Moskau. Hie soll den Owend een direkt Gespréich mam russesche President Putin hunn, huet de Kreml matgedeelt.