100 Milliarden Euro sollen an de Klima- an Transformatiounsfong fléissen, nodeems den Unions-Fraktiounschef Friedrich Merz um Donneschdeg nach vu 50 Milliarden Euro geschwat hat.
Entscheedung en Dënschdeg am Bundestag
Déi final Entscheedung am Bundestag kéint en Dënschdeg d’nächst Woch falen. Well fir d’Pläng vun Union an SPD eng Ännerung vum Grondgesetz néideg ass, brauch et eng Zweedrëttelmajoritéit, déi mat de Stëmme vun deene Grénge kéint erreecht ginn.
Den neie Bundestag soll de 25. Mäerz eng éischte Kéier zesumme kommen. An deem hunn Unioun, SPD a Gréng keng Zweedrëttelmajoritéit méi.