Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Annalena Baerbock soll fir ee Joer Presidentin vun der UNO-Generalversammlung ginn

Däitsch Medie mellen

D'Annalena Baerbock soll fir ee Joer Presidentin vun der UNO-Generalversammlung ginn

Déi däitsch Nach-Ausseministesch Annalena Baerbock soll no hirer Zäit an der Regierung fir ee Joer Presidentin vun der UNO-Generalversammlung ginn. Dat mellen däitsch Medie mat Verweis op Regierungskreesser.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
(Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

D‘Regierung zu Berlin wéilt déi gréng Politikerin als däitsch Kandidatin fir de Poste bei de Vereenten Natiounen nominéieren. D‘Annalena Baerbock soll Ufank Juni vun der UNO-Generalversammlung gewielt an am September da fir de Posten untrieden.

De Vott géif als Formsaach gëllen.

D‘Annalena Baerbock hat uganks dës Mounts ugekënnegt, datt si aus perséinleche Grënn keng leedend Funktioun an der zukënfteger grénger Fraktioun am Bundestag géif iwwerhuelen.