Radioen

On air

Thé Dansant  |  Diana Ross - I'm Coming Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP: “Ni mat riets”

Nationalkongress zu Diddeleng

LSAP: “Ni mat riets”

D’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana warne virun de Rietsradikale, dorënner och d’ADR. Déi géife just ee soziale Mäntelchen undoen. Hinne géif d’Demokratie net um Häerz leien. Et géif een dat an den USA an Italien oder nach an Ungarn gesinn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

LSAP Nationalkongress zu Diddeleng Mäerz 2025 | © Carole Schimmer play_arrow
LSAP Nationalkongress zu Diddeleng Mäerz 2025 (Foto: Carole Schimmer)

Déi aktuell international Situatioun géif d’Leit veronsécheren. 60 Prozent vun de Bierger:innen hei am Land hätten Angscht virum Krich.

E sozialgerechte Wee

D’LSAP wéilt eng Gesellschaft déi zesummenhält, an dowéinst missten d’Sozialisten sech nees op d’Iddi vun der Gauche zeréck besënnen an eng Sozialpolitik verdeedegen, déi de Leit ze gutt kéim, soss géif ee riskéiere virun allem déi Jonk ze verléieren. 

"Well nëmme wa mir et fäerdeg bréngen, eis Gesellschaft esou opzestellen, datt kee méi Angscht huet, datt jiddereen an Dignitéit ka liewen,datt een net méi muss fäerte fir iwwert d’Ronnen ze kommen, dann hu mir gewonnen da si mir um gudde Wee, dem bessere Wee, eisem Wee, dem sozialgerechtem Wee, nëmmen dann hunn déi Riets keng Chance méi."

De Parteipresident Dan Biancalana huet um Kongress konkret och virun der ADR gewarnt. Déi Rietsradikal géifen hiert richtegt Gesiicht réischt da weisen, wann si un der Muecht wieren, esou den Dan Biancalana.

D’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana um LSAP Nationalkongress 2025 | © Carole Schimmer
D’Parteipresidente Francine Closener an Dan Biancalana um LSAP Nationalkongress 2025 (Foto: Carole Schimmer)

Sozialdialog ass wichteg 

Um Kongress gouf d’Resolutioun “Ni mat Riets” eestëmmeg ugeholl. Grad wéi déi zweet wou et ëm de Sozialdialog als Pilier vun der Lëtzebuerger Reussite geet. An do gouf vum Olivier Cano vum LSAP-Direktiounscomité d’Fro opgeworf, wisou de Georges Mischo sech net konsequent hannert de Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog géif stellen.

“Firwat huet de Georges Mischo grad an dësen Zäite vergiess, vu wou hien a seng Partei kommen?”

Um Kongress vun der LSAP gouf och iwwert d’Statutenännerungen ofgestëmmt. Déi goufe mat breeder Majoritéit ugeholl.

Lauschterenplay_arrow