Radioen

On air

Notturno  |  The Saxophones - Take My Fantasy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR Exekutivcomité geheit Tom Weidig "kontinuéierlech parteischiedegend Feelverhale" vir

No Like vu queerfeindlechem Kommentar

ADR Exekutivcomité geheit Tom Weidig "kontinuéierlech parteischiedegend Feelverhale" vir

Den Exekutivcomité vun der ADR geheit dem Deputéierten a Stater Gemengeconseiller Tom Weidig ee “kontinuéierlech parteischiedegend Feelverhale” vir. Dat steet am Bréif vun der Parteipresidentin Alexandra Schoos a vum Generalsekretär Luc Reyter un d’Membere vum ADR-Nationalcomité: ee Schreiwes, dat dem radio 100,7 virläit. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dëse rezente Fall hätt den Ausschlag ginn, fir d’Demande fir eng Disziplinarprozedur géint den Tom Weidig. Esou den ADR-Exekutivcomité a sengem Bréif un den Nationalcomité.

Exekutivcomité iwwerléisst Decisioun dem Nationalcomité

Obwuel d’Partei-Exekutiv beim Verhale vum Tom Weidig ee "parteischiedegend Verhale" gesäit, schléit si keng Mesurë vir, mee iwwerléisst dës Entscheedung dem Nationalcomité, heescht et am Schreiwes.

Deen ADR-Nationalcomité - ee Gremium an deem ënner anerem och den Tom Weidig dran ass - soll haut iwwer d’Demande fir eng Disziplinarprozedur géint den Deputéierten a Stater Gemengeconseiller debattéieren.

Nationalcomité wëll net, datt Press virun der Dier steet

D’Konsequenze vun där Prozedur kënne vun enger mëndlecher Verwarnung bis hin zum Ausschloss aus der Partei goen, hat d’Presidentin Alexandra Schoos dem radio 100,7 schonn e Mëttwoch matgedeelt.

Aus der Fro, wéini a wou den Nationalcomité haut zesumme kënnt, mécht d’ADR iwwerdeems ee Geheimnis. Et wéilt een net, datt d’Press virun der Dier steet, huet ee Member vum Nationalcomité eis op Nofro hi gesot. Engem anere Member no, wier d’Sitzung op enger anerer Plaz wéi gewinnt, an Detailer doriwwer wiere “strikt vertraulech”.

D'Parteien aus der Chamber fuerdere konkret Aktiounen a Sanktiounen

Am Virfeld vun der Sitzung vum ADR-Nationalcomité haten d’Vertrieder:inne vun de sechs anere Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, e Samschdeg ee schrëftlechen Appell un d’ADR-Presidentin Alexandra Schoos an un den Nationalcomité geriicht: DP, CSV, LSAP, déi gréng, déi Lénk an d’Piratepartei haten dora konkret Aktiounen an déi néideg Sanktioune verlaangt.

Den Tom Weidig a senge Funktiounen ze beloossen, deen ëffentlech d’Vernichte vun enger Gemeinschaft gutt geheescht huet, wier ee Legitiméiere vun dësem Discours, esou déi sechs Parteien.

Lauschterenplay_arrow

Den Dag duerno ass weider net bekannt, ob d'ADR eng eventuell Disziplinarprozedur géint den ADR-Deputéierten a Stater Gemengeconseiller decidéiert huet.