arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi zefridde sinn d'Jonk Demokrate mat der Regierung?

Stëmmungsbild

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Wéi zefridde sinn d'Jonk Demokrate mat der Regierung?

Ënner de Member vun de Jonken Demokrate ginn et éischter gemëschte Gefiller iwwer d'Aarbecht vun der CSV-DP-Regierung. Viru Kuerzem koum jo am Politmonitor eraus, datt vill Leit kritesch si par Rapport zu verschiddene Regierungsmemberen. D'Carole Schimmer war op den Nationalkongress vun de Jonken Demokraten, fir si no hirer Meenung ze froen.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Nationalkongress vun de Jonken Demokraten | © Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

De Xavier Bettel ass nach ëmmer dee beléiftste Politiker, de Premier Luc Frieden verléiert 10 Prozentpunkten an deem Sondage.

Firwat deen aktuelle Politmonitor esou ausgefall ass, hätt verschidde Grënn, mengt de Claude Schommer, DP-Schäffe vu Munneref. Hien erkläert sech dat ënner anerem duerch de Wiessel an der Politik. Notamment, datt d'Dossiere vun der neier Regierung anescht ugepaakt ginn.

"Datt Saache wandelen, datt Prozedure geännert ginn, datt Theemen ugepaakt ginn, déi vläicht eng Zäitchen net ugepaakt gi sinn. Dat Ganzt natierlech an engem geopolitesche Kontext, deen am Moment e bësse méi komplizéiert ass."

Claude Schommer: CEO-Approche net déi richteg

D'Ziler vun CSV an der DP wiere quasi déi selwecht. Et géif eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de Regierungsparteie ginn. Dat war allgemeng de Constat zu Munneref bei de Jonken Demokraten. Mee de Wee wéi een d'Zil kann erreechen, do géif et Differenze ginn, mengt de Claude Schommer.

"Et schwätzt een ëmmer vun engem CEO. Ech weess net, ob dat déi richteg Approche ass, déi ee soll hunn. Ech denken, datt ee muss mat de Leit zesummen diskutéieren an d'Dossieren upaken. Dat ass vläicht eppes, wat de Leit net esou gefält."

"Viregt Regierung hat méi sozial Approche"

A wann déi eng éischter zefridde sinn, mat der CSV-DP-Koalitioun, esou ginn et och aner Meenunge bei de Jonken Demokraten. D'Claire Pépin, Presidentin vun der JDL Sektioun Süden, fënnt zwar, datt d'Regierung am Grousse Ganze gutt funktionéiert. Si ass awer och der Meenung, datt déi viregt DP-LSAP-déi gréng-Koalitioun "eng méi sozial Approche" hat.

"Wann ech elo op eise Ministèrë kucken, wou d'DP huet, sinn ech awer am Grousse Ganzen zimmlech zefridden, do gëtt et menger Meenung no net vill ze soen, och wa verschidde Saache kritiséiert ginn, fannen ech, datt dat de richtege Wee ass."

Vill Kritik um Pensiounsdossier

Gambia war och fir d'Mara Bour vun der DP-Sektioun Jonglënster a verschiddenen Dossieren déi besser Regierungskoalitioun. Virop bei de Pensiounen, wou eng méi sozial Approche erwënscht wier. Oder nach a Saache mentaler Gesondheet, een Dossier fir deen d‘LSAP vill gemaach hätt fënnt d‘Mara Bour.

De Pensiounsdossier gëtt och vun der JDL-Member Sandy Feiereisen kritiséiert. Si fuerdert méi Participatioun fir déi Jonk. Si fënnt, datt d'Jugendparteien nach méi agebonne misste ginn. Schliisslech géif et jo ëm d'Zukunft vun deene Jonke goen.

De JDL-President Lou Linster huet a senger Ried der Regierung virgeworf, datt bei der Rentereform, wéi se aktuell um Dësch läit, haaptsächlech d'Generatiounen ënner 45 Joer e Bäitrag leeschte missten an d'Jugend deemno de grousse Verléierer wier.

Et misst ee gesamt Pak ausgeschafft ginn, wou ee souwuel d'Depensë wéi och d'Recettë vum Pensiounsfong misst iwwerdenken.

play_arrow Lauschteren