Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk: Chrëschtlech a sozial Wäerter vun der CSV si verschwonnen

Neijoerschpatt vun déi Lénk

Déi Lénk: Chrëschtlech a sozial Wäerter vun der CSV si verschwonnen

Wann et drop ukënnt, géife just déi Lénk géint de Rietsextremismus kämpfen. Esou déi lénk Oppositiounspartei op hirem Neijoerschpatt um Mëttwochowend. Op deem gouf net u Kritik un der Regierung, a virun allem un der CSV gespuert. Deenen hier chrëschtlech a sozial Wäerter wiere verschwonnen, sou ee vun de Reprochen. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Carole Thoma | © Sophie Schroeder play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

D’CSV-DP- Koalitioun hätt vun Ufank un näischt Guddes verheescht, esou d’Spriecherin vun déi Lenk Carole Thoma. Den “S” deen am Numm CSV fir “sozial” steet wier spéitstens mat der Diskussioun iwwer d’Heescheverbuet begruewe ginn.

Als Vollekspartei wier d’CSV och net déi richteg Defie vum Vollek ugaangen. Een dovunner wier den Defi vum Logement, deen an allen Gesellschaftsschichte present wier. 

Pensiounsreform: Positioune vun déi Lénk leie scho laang um Dësch

Et géif een op d‘mannst 10 Joer Réckschrëtt erliewen. D‘Regierung géif nees reng op de Privatmarché setzen. De Staat wier nëmmen dofir do, de grousse Promoteuren an Investisseure Steierkadoen ze maachen, esou de Reproche vun der Carole Thoma.

Si kritiséiert weider, datt nach keng Partei sech kloer zur Pensiounsreform positionéiert huet. D’Propositiounen heizou vun déi Lénk géife scho laang um Dësch leien. 

"Eng Erhéijung vun der Mindestpensioun, en deelweist Zeréckhuele vun der katastrophaler Reform vun 2012, eng Kierzung vun den Depensen ouni awer, datt doduerch Prestatioune verschlechtert ginn, an verschidde Pisten, fir d’Recetten ze erhéijen."

Politesch Mëtt huet keng kredibel Äntwert op Rietspopulismus

Déi Lenk weise sech och staark besuergt doriwwer, datt op nationalem, wéi och op internationalem Niveau demokratiefeindlech a rassistesch Kräften ëmmer méi gestäerkt géife ginn. Dëst läit der Carole Thoma no dorun, datt déi politesch Mëtt keng kredibel Äntwerten op de Rietspopulismus hätt.

"Si geheie léiwer Lénker mat an dat selwecht Boot, wéi mat eis zesummen d’Systemfro ze stellen an endlech eng Politik ze maachen, fir d’Leit."

Déi politesch Mëtt wier ausserdeem den onfräiwëllegen Assistent vun der Droite, deen ëmmer rëm den narrativ vun deene Rietsen iwwerhuele géif.

"Do sinn Deputéiert, déi fidderen Heescherten, anerer begréissen datt Däitschland Mënschen an Afghanistan bei d’Taliban schéckt, an nach anerer verdächtege Flüchtlingen als Héngerdéif."

Doduerch, datt Ongläichheete klammen, wier déi sozial Kohäsioun a Gefor. Dat géif d‘Leit an d‘Äerm vu Rietspopulisten dreiwen, warnt d‘Spriecherin vun déi Lénk.

Keng Partei aus der Mëtt

Déi Lenk wiere keng Partei aus der Mëtt an och keng Partei fir jiddereen. Déi räich, déi net bereet sinn een Deel un d’Allgemengheet ofzeginn, an déi Riets, déi si splécke wéilten, géifen ni eng Platz bei hinne fannen, betount nach d’Carole Thoma.

Fir déi nächst Rentrée sollen iwwerdeems d’Deputéiert Marc Baum an David Wagener duerch d’Ana Correira an de Gary Diderich an der Chamber ersat ginn.

Lauschterenplay_arrow