Radioen

On air

One World  |  Kalashnik Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Rettungsübung op der Ettelbrécker Gare

Plan nombreuses victimes

Grouss Rettungsübung op der Ettelbrécker Gare

Um Samschdegmoie gouf den Eeschtfall geprouft, wann en Zuch géif accidentéieren a vill Affer missten en charge geholl ginn. Mat dobäi waren de CGDIS, d‘CFL an de Centre Hospitalier du Nord.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow

De Chef vum Centre d’Incendie et de Secours Nordstad Yves Damy weist sech no der Übung ganz zefridden. 

Insgesamt waren 80 Pompjeeë vum CGDIS am Asaz. Dobäi kommen dann nach d’Ekipp vun der Organisatioun, d’Personal vun der CFL an d’Personal aus dem CHDN, déi deen Ament hire Plan Blanc, also de spidolinterne Plang fir vill Affer op ee Coup, getest hunn.

Lauschtert hei de ganzen Interviewplay_arrow