Radioen

On air

Notturno  |  Francis Of Delirium - Lakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Large-Scale-Testing: Zweet Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun

3 Joer no der Corona-Pandemie

Large-Scale-Testing: Zweet Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun

Um Méindeg war d'Budgetskontrollkommissioun eng zweete Kéier beieneen. D'Cour des comptes huet den zweeten Deel vun hirem Spezialrapport iwwer déi staatlech Depensë fir de Large-Scale-Testing, also dat systematescht Teste wärend der Covid-Pandemie, presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Ex-Premier Xavier Bettel. | © Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Ex-Premier Xavier Bettel. (Foto: Jean-Christophe Verhaegen)

An der éischter Reunioun ware schonn eng Rei Onreegelméissegkeeten ugeprangert ginn. Zum Beispill, datt de Staat seng Opträg un d'Laboratoiren opgespléckt hätt, fir ze verhënneren, datt e Spezialgesetz misst gestëmmt ginn. D'Test-Infrastrukture wieren am Ufank och iwwerdimensionéiert gewiescht an net séier genuch no ënnen ugepasst ginn. Et gouf awer och Kritik dorunner, datt vill Dokumenter op Nofro hin net oder ze spéit virgeluecht goufen, respektiv datt déi zweet an déi drëtt Phase vum Large-Scale-Testing net de Reegelen no ausgeschriwwe gi war.

E gudde Krisemanagement

Allgemeng war et den Echo, datt et generell e gudde Krisemanagement gewiescht wier, dat sot och d'CSV-Deputéiert Stephanie Weydert, déi zesumme mat der Sam Tanson zur Co-Rapportrice designéiert gouf. Mee eens ware sech déi eenzel Parteivertrieder awer och, datt de Gesondheetsministère sech mat de Marché publics verhuewen hätt a méi op extern Expertisen hätt missen zeréckgräifen. 

Dat gëllt souwuel fir d'Ausschaffe vum Cahier de charge, wéi och duerno fir ze iwwerpréiwen, ob de betraffene Laboratoire iwwerhaapt seng Roll erfëllt hätt. A fir am Noutfall Strofen auszespriechen, wann dat net de Fall gewiescht wier. Virun allem awer fir deenen dräi Laboen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, déi selwecht Chancen ze gi fir un enger Ausschreiwung deelzehuelen.

Problematik net op Gesondheetsministère begrenzt

Mee allgemeng géif et u Kompetenz a Saache Marchés publics an de Ministèrë feelen, och dat war ee parteiiwwergräifende Konsens. An et kéint gutt sinn, datt Lëtzebuerg an enger neier Kris virun änlechen Erausfuerderunge wäert stoen - zum Beispill an der Defense. Dofir ass och eng drëtt Reunioun vun der Kommissioun virgesinn, déi soll klären, wéi et virugeet. Et dierft sech awer de Konsens ofzeechnen, datt et zu enger ëffentlecher Debatt am Plenum wäert kommen.

Lauschterenplay_arrow