Den Additiv ass an iwwer 6.000 Produiten ze fannen an ass zanter 2023 vun der WHO als "méiglecherweis kriibserreegend" klassifizéiert. Zanter bal 40 Joer gëtt Aspartam a "light" oder "Zero"-Produite benotzt fir den Zocker ze ersetzen. 2013 huet déi europäesch Instanz fir Liewensmëttelsécherheet eng Dosis vu 40 mg pro Kilogramm Kierpergewiicht pro Dag als sécher klassifizéiert. Dat heescht: Eng Persoun vu 70 Kilo kéint tëschent 9 an 11 Béchse vun engem Zero-Gedrénks ouni Gefor zou sech huelen.
40 mg pro Kilogramm Kierpergewiicht pro Dag solle sécher sinn
10 Joer méi spéit, 2023, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun eng Etüd publizéiert, an där d'Risike vum Aspartam op en Neits sollten ënnersicht ginn. Dobäi huet den Expertecomité fir Liewensmëttelzousazstoffer den Avis ofginn, et géif ee kee Grond gesi fir déi zoulässeg deeglech Dosis vu 40 mg pro Kilogramm Kierpergewiicht ze änneren.
Gläichzäiteg huet déi international Kriibsfuerschungsagentur de Séissstoff Aspartam als "méiglecherweis kriibserreegend" agestuuft.
Keng onofhängeg Etüden
D'Verbraucherschutzorganisatioun Foodwatch huet sech doropshin déi eenzel Etüde méi genee ugekuckt a festgestallt, datt déi Risikobewäertung haaptsächlech op eng Etüd zeréckzeféieren ass aus dem Joer 1981. Déi wier deemools vum weltgréissten Aspartam-Hiersteller duerchgeféiert ginn. Dat wier grondsätzlech e Problem, wa bei der Zouloossung vun Zousazstoffer sech ze vill op Etüde vun den Industrië verlooss gëtt, seet d'Pressespriecherin vu Foodwatch Sarah Häuser.
"Die Aspartam-Hersteller selbst haben natürlich ein Interesse daran, dass Aspartam weiter zugelassen bleibt, von daher braucht es aus unserer Sicht eine unabhängige Risikobewertung.”
Foodwatch ass der Meenung, datt wann ee Stoff potentiell kriibserreegend ass, da sollt en aus Preventioungrënn d’office net esou breet a Liewensmëttele verschafft sinn.
Mat dëser Petitioun, déi elo eragereecht gouf, wëllt Foodwatch erreechen, datt d'EU-Kommissioun Aspartam d'Zouloossung entzitt. De Séissstoff soll vum Marché geholl ginn, an et soll op Grond vun onofhängegen Etüden eng nei Risikobewäertung duerchgeféiert ginn.
Krittäre misste méi genee gepréift ginn
Op EU-Niveau ass den Aspartamm deen Ament duerch d'Liewensmëttelzousazstoffveruerdnung (EG 1333/2008) reglementéiert. Déi beseet awer just, datt den Aspartam mat sengem Numm oder mam Code E 951 op de Liewensmëttele gekennzeechent muss sinn.
EU-wäit si ronn 320 Zousazstoffer zougelooss - dat sinn alleguer déi Stoffer mat enger E-Nummer. D'Sarah Häuser vu Foodwatch erkläert, datt do generell d'Krittären an d'Etüde méi genee misste gepréift ginn.
“Vielleicht mal zum Vergleich, also in Bio-Lebensmitteln sind ungefähr 50 Zusatzstoffe zugelassen. Das zeigt also, dass man auch mit deutlich weniger Zusatzstoffen auskommen kann, als jetzt aktuell erlaubt sind.”
Lëtzebuerg kuckt no
De Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère an d'Liewensmëttelverwaltung huelen zum Theema eng éischter passiv Haltung un. An enger schrëftlecher Äntwert heescht et, et hätt ee wuel d'Petitioun zum Verbuet vun Aspartam zur Kenntnis geholl. Et géif een awer elo weiderhin d'Evaluatioune vun der europäescher Instanz fir Liewensmëttelsécherheet souwéi vun der EU-Kommissioun suivéieren. Eng eege Positioun ergräift Lëtzebuerg do net.
Falls do nei Erkenntnisser géifen erauskommen, géif Lëtzebuerg seng Grenzwäerter der EU no upassen. Op nationalem Niveau kéint Lëtzebuerg keng spezifesch Reglementatiounen aféieren - dat wéinst der virdru genannter EU-Veruerdnung.
Ekonomesch gesinn hätt e Verbuet natierlech Konsequenze fir de Marché, heescht et weider. De Ministère ënnersträicht, datt een nationaalt Verbuet wéinst dem Prinzip vun der Reconnaissance mutuelle wéineg Sënn géif erginn. Et wieren also weiderhi Produite mat Aspartam um Lëtzebuerger Marché, well se an aneren EU-Staate legal um Marché wieren. Mat engem nationale Verbuet wieren nëmme Produiten, déi lokal hiergestallt ginn, betraff, wat och erëm Konsequenze fir de Marché hätt.
Zocker ass keng Alternativ
Et sollt een awer elo net am Plaz vum Zero op dat zockerhaltegt Gedrénks ëmklammen, betount d'Sarah Häuser. Zocker wier jiddefalls schlecht fir d'Gesondheet. Vill Etüde géifen eng Korrelatioun vun ze héijem Zockerkonsum an Iwwergewiicht an/oder Diabetes Typ 2 weisen. Et wéilt een net erreechen, datt d'Leit sech elo denken "Oh, dann awer léiwer déi gezockert Cola".
Bis ewell hunn iwwer 220.000 Mënschen d'Petitioun ënnerschriwwen.