Déi international Jury, presidéiert vum iranesche Realisateur Mohammad Rasoulof, huet op der Präiszeremonie um Samschdegowend am Kinepolis Kierchbierg de somaleschen Drama “The Village next to paradise” mat enger mention spéciale ausgezeechent.
De Präis vum beschten Documentaire geet iwwregens un “The Landscape and the fury” vun der Schwäizerin Nicole Vögele. Den Organisateuren no huet déi 15. Editioun vum Luxembourg City Film Festival iwwer 21.000 Spectateuren ugezunn.