Dräi Oscare krut den Holocaust Drama "The Brutalist", dorënner beschte Schauspiller fir den Amerikaner Adrien Brody. Den Oscar an der internationaler Kategorie goung un de brasilianesche Film "I'm Still Here" vum Walter Salles. Ee Film iwwer déi brasilianesch Militärdiktatur.
Et ass déi éischte Kéier, datt Brasilien een Oscar gewonnen huet.