Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Golden Globes: Oppenheimer gewënnt fënnef Mol 

Kino

Golden Globes: Oppenheimer gewënnt fënnef Mol 

Zu Los Angeles goufen d‘Golden Globes annoncéiert. Déi gëllen och als Indicateur fir d‘Oscaren. Grousse Gewënner ass de Film Oppenheimer vum Christopher Nolan, dee fënnef Golden Globes krut, dorënner dee vum beschten Drama, beschte Regisseur, a beschte Schauspiller Cillian Murphy.

auto_stories

1 min

Den Oppenheimer-Haaptacteur Cillian Murphy. (Foto: picture alliance / Photoshot)

De Film „Barbie“, vun der Greta Gerwig, huet an där neier Kategorie „Bescht Blockbuster Leeschtung“ gewonnen. Bescht Actrice an engem Drama geet un d‘Lily Gladstone am Film „Killers of the Flower Moon" vum Martin Scorsese.

Als beschte Film a net-englescher Sprooch gouf de franséische Film „Anantomie d‘une Chute“ vun der Justine Triet ausgezeechent.