Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Parasite"-Schauspiller Lee Sun-kyun gouf dout opfonnt

Südkorea

"Parasite"-Schauspiller Lee Sun-kyun gouf dout opfonnt

De bekannte südkoreanesche Schauspiller Lee Sun-kyun ass dout. Hie war virun allem bekannt wéinst dem Film Parasite, deen 2019 véier Oscare krut. D‘Hannergrënn si nach onkloer.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

D‘Läich vum 48-Joer ale Schauspiller wier zu Seoul an engem Auto an engem Park entdeckt ginn, esou d‘Police. Selbstmord wier net auszeschléissen. Den Acteur hätt e Bréif hannerlooss, fir Äddi ze soen, esou déi südkoreanesch Noriichtenagence.

Géint de Lee Sun-kyun gouf och enquêtéier wéinst dem Verdacht vun Drogebesëtz.