Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes steet am Zeeche vun der "me too" Beweegung

Film

77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes steet am Zeeche vun der "me too" Beweegung

Haut fänkt zu Cannes de renomméierte Filmfestival un. Vill international Stare ginn an den nächsten Deeg um rouden Teppech erwaart. Dës 77. Editioun vum Festival wäert awer staark vun de "me too“ Diskussiounen ëm sexuell Gewalt begleet ginn, déi och déi franséisch Filmindustrie am Moment dominéieren.

auto_stories

1 min

Festival Cannes | © picture alliance / PIC ONE | Christian Ender
Foto: picture alliance / PIC ONE | Christian Ender

Bei der Ouvertureszeremonie haut den Owend gëtt ënner anerem déi amerikanesch Schauspillerin Meryl Streep erwaart. Déi 74-Joer al Actrice soll mat enger gëllener Éiere-Palm ausgezeechent ginn.