Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump wëll wäiss, südafrikanesch Baueren als Flüchtlingen unerkennen

USA

Trump wëll wäiss, südafrikanesch Baueren als Flüchtlingen unerkennen

Den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio huet via X matgedeelt, datt d’USA de südafrikaneschen Ambassadeur Ebrahim Rasool zur Persona non grata deklaréiert huet. Hien huet dem Rasool reprochéiert, d‘USA an de President Donald Trump ze haassen.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Den Diplomat hat rezent an engem Video-Workshop vun enger südafrikanescher Denkfabrick ënnert anerem argumentéiert, datt den US-Präsident Donald Trump gemeinsam mat Muechte wéi dem Tech-Milliardär Elon Musk an dem Vizepresident J.D. Vance net just an den USA, mee och weltwäit nationalistesch Muechte géif stäerken. 

Tensiounen zënter der Presidentschaft vum Trump

An deem Zesummenhang hat hien och déi däitsch AfD genannt. Den US-Ausseminister huet dem Rasool doropshi virgehäit mat engem Rassismus-Narrativ geziilt Tensiounen ze schafen.

Déi südafrikanesch Presidence huet bedauert, datt hiren Ambassadeur an den USA expulséiert ginn ass. D‘Relatiounen tëscht béide Länner sinn zënter dem Amtsuntrëtt vum Donald Trump op engem Déifpunkt.

Trump stéiert Gesetz géint Onrecht

Den Trump stéiert sech virun allem un engem Gesetz, dat rezent a Südafrika gestëmmt gouf, iwwert dat, kann d’Land am ëffentlechen Interessi enteegent ginn, fir Onrecht auszegläichen, dat wärend der rassistescher Apartheid-Ära entstanen ass. 

Déi concernéiert Terraine gehéiere virun allem wäisse Baueren. Den US-President huet wéinst dem Gesetz Ufank Februar schonn all Hëllefe fir Südafrika agefruer a wëll betraffe südafrikanesch Baueren als Flüchtlingen unerkennen.