Eng ganz Rei europäesch Staats- a Regierungscheffen, souwéi ënnert anerem Australien, Kanada, d‘Ukrain an d‘Spëtzte vun der EU-Kommissioun an der NATO huelen dorun deel. Wann de Putin wierklech Fridde wéilt, wier et ganz einfach: Hie misst seng barbaresch Attacke géint d‘Ukrain stoppen an e Waffestëllstand acceptéieren, sou de Starmer.
Russeschen Drock fir d'Ukrain
Moskau huet de Moie matgedeelt, datt déi russesch Arméi zwee Dierfer an der russescher Grenzregioun Kursk nees zeréck eruewert hätt. De Kremlspriecher Dmitri Peskov huet iwwerdeems den Zäitdrock erhéicht wat déi ukrainesch Zaldoten ubelaangt, déi angeblech am Gebitt agekesselt sinn.
Den US-President Donald Trump hat säi russeschen Homolog gefrot d‘Zaldoten ze verschounen. Aus humanitäre Grënn hat de Wladimir Putin agewëllegt a verlaangt, datt Kiew den ukraineschen Zaldoten am Gebitt den Uerder sollt ginn, d‘Waffen néier ze leeën an sech festhuelen ze loossen.
De Spriecher vun der russescher Regierung huet elo op der staatlecher russescher Noriichtenagence Rass betount, d‘Offer géif nach bestoen, d‘Zäit géif awer oflafen.