Déi Europäesch Unioun an d'Memberstaate wiere prett, méi Responsabilitéit fir déi europäesch Sécherheet ze iwwerhuelen. Dowéinst misst een och bereet sinn, eng europäesch Contributioun fir Sécherheetsgarantië fir ee Fridden an der Ukrain ze liwweren. Dat hat de Conseilspresident António Costa a senger Invitatioun fir dëse Spezial-EU-Sommet betount.
EU-Spezial-Sommet an anerem Kontext
Dee Bréif gouf geschriwwen, éier et de leschte Freideg zum Eclat am Wäissen Haus koum, an éier d'USA hir Ukrain-Hëllef gestoppt hunn.
D'Zil vum Spezial-Sommet bleift dat nämmlecht. Allerdéngs ass de Kontext elo een, deen nach méi urgent no europäeschen Äntwerte verlaangt.
D'EU wäert en neit Kapitel opschloen, esou e Mëttwoch een EU-Diplomat. Et géif vun alle Memberlänner de Wëlle ginn aktiv ze ginn en vue vun enger méi grousser europäescher Autonomie, wat d'Sécherheet ugeet.
Finanzéierung vun der Defense am Fokus
Déi grouss Fro: Wéi dee Plus un Engagement an deem Beräich finanzéiert soll ginn, wäert een Deel vun den Diskussiounen haut um Donneschdeg ausmaachen. D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wäert de Staats- a Regierungscheffen hire gëschter um Mëttwoch presentéierte Plang fir Europa opzerüsten, méi am Detail erklären. Dozou gehéiert een europäesche Fong, aus deem d'Länner Sue léine kéinte, méi labber Scholdereegele fir d'Staatsbudgeten an och d'Notze vu bestëmmten EU-Fongen, déi bis elo u sech net fir d'Defense bestëmmt waren.
USA: Nach ëmmer een Alliéierten?
D'Diskussioun iwwer den Ëmgank mat den USA wäert och opkommen. An der EU gëtt den Ament weider un der Ausso "d'USA sinn eisen Alliéierten" festgehalen.
Bleift nach d'Fro, wéi gëeent d'EU hei optrëtt. D'EU-Aussebeobtraagte Kaja Kallas hat een 20 Milliarden Euro Plang presentéiert, fir der Ukrain méi Munitioun a Waffen ze liwweren.
Ungarn huet schonn Oppositioun annoncéiert
Ungarn huet do schonn am Virfeld vum Sommet säi Veeto ageluecht an ass och, nodeems de Conseilspresident António Cota perséinlech Gespréicher mam Premier Viktor Orbán hat, dobäi bliwwen.
Et géif ee sech weider ëm Eenheet beméien, huet et gëschter aus de Kreesser vum Conseil geheescht.