D’EU hat den Online Konzern entspriechend dem Digital Service Act, dem Gesetz iwwer digital Déngschter, agestuuft. Elo kéint Amazon d’Urteel nach um Europäesche Geriichtshaff ufechten.
Amazon fënnt, d’Astufung als ganz grouss Plattform géif géint d’Liberté d’entreprise verstoussen, esou hiert Argument. De Konzern fillt sech géintiwwer lokale Konkurrenten am Eenzelhandel benodeelegt, an huet deemno dogéint geklot, als ganz grouss Plattform agestuuft ze ginn.
Spezifesch Obligatiounen
Als ganz grouss Plattform gëlle Plattforme mat méi wéi 45 Millioune User. An dorënner fält Amazon dem EuGh no.
Esou Plattforme musse spezifesch Obligatiounen ëmsetzen, ënner anerem a Saachen Transparenz, Kooperatioun an Accès zu Donnéeën. Amazon muss sech weider och un den Digital Service Act halen.
Eng vun de Pflichten, déi elo fir den Online-Händler ufält, ass datt si ageschränkt si bei den Empfeelunge fir hir User. Dem DSA no, mussen nämlech ganz grouss Entreprise bei den Empfeelungen op mannst eng nennen, déi net op perséinlechen Date vun de User baséiert.
Zil: Systeemesch Risike verhënneren
Weider muss Amazon elo d’Informatiounen iwwer Reklammen, déi bei hinne geschalt ginn, ëffentlech maachen. Zil vum Digital Service Act an der EU ass et, datt d’Mënsche virun illegalem Contenu geschützt ginn.
D’EU-Geriicht gëtt dem Online-Händler zwar an deem Punkt Recht, datt déi méi streng Reegelen en Agrëff an d’Fräiheet vun der Entreprise sinn, well doduerch héich Käschten entstinn, ma deen Agrëff wier gerechtfäerdegt, duerch dat Europäescht Zil, fir systeemesch Risiken ze verhënneren, esou d’Argumentatioun vun de Riichter:innen.