arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OpenAI-GEMA-Urteel: "Eppes woufir mir laang gekämpft hunn"

KI an der Musek

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

OpenAI-GEMA-Urteel: "Eppes woufir mir laang gekämpft hunn"

Déi däitsch Verwäertungsgesellschaft GEMA hat géint d'KI-Firma OpenAI geklot, well hire Bot ChatGPT verschidden däitsch Liddertexter, ouni eng Lizenz ze hunn, reproduzéiert hat – an huet an éischter Instanz virum Geriicht Recht kritt. De Marc Nickts, Gérant vun der SACEM, gëtt dozou seng Aschätzung.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
© Unsplash
(Foto: Unsplash)

Fir de Marc Nickts vun der SACEM ass d’Urteel an Däitschland eppes, woufir sämtlech Verwäertungsgesellschafte schonn zënter laangem kämpfen.

"Et muss ee verstoen, datt d'Verwäertungsgesellschaften, net just GEMA, mee sämtlech Verwäertungsgesellschaften an Europa hunn zënter 2023 den Opt-out geschloss. Dat heescht, mir hunn alleguer déi Plattformen informéiert, datt mir net domadder averstan sinn, datt eise Repertoire genotzt gëtt, ouni eeben datt eng Lizenz, eng Autorisatioun, en Place gesat gouf."

Einfach d'Rechter respektéieren

Datt een déi technologesch Entwécklung net ophale kéint, ass dem Marc Nickts bewosst. Dat wier awer och guer net den Interêt deen een hätt. Mee et wéilt een awer och KI-Systemer regléiert gesinn.

"Mir wëllen eeben haut just, datt sech ee Marché kreéiert, wou dann eeben haut och d'Rechter respektéiert ginn, well deen Opt-out deemools war an eiser Visioun de Schlëssel, fir datt mir déi Acteure ronderëm den Dësch géife kréien, fir dann eeben ze kucken, okay, komm mir maachen eng Lizenz an da kënnt dir eise Repertoire notzen an da këmmere mir eis duerno an der Partnerschaft, wéi mir déi Verwäertung maachen."

Dem Marc Nickts no kéint dat do och eng Affär sinn, déi bis op den europäeschen Niveau eropgeet. Dat och well Open-AI sech sécher net mat deem aktuellen Urteel géif zefridde sinn. Aktuell wier de Prinzip awer scho mol, duerch dat éischt Urteel an Däitschland, gestäerkt, esou nach de Marc Nickts.

 

play_arrow Lauschteren