Fir géint d’Drogekriminalitéit virzegoen huet d’Parlament am Abrëll e Gesetz géint den Drogenhandel votéiert. Dëst gesäit ënner anerem vir, datt d’Police méi Pouvoir bei der Surveillance kritt, datt héichrangeg Drogekrimineller am Prison besser isoléiert ginn an och datt een e staarke Fokus op de Blanchiment setzt. Sou kënnen zum Beispill Commercë kuerzzäiteg zougemaach ginn, wann d’Police de Verdacht huet, datt hei Sue gewäsch ginn. E wichtege Schratt, seet de Politolog Mathieu Zagrodzki, deen zur Drogekriminalitéit a Frankräich fuerscht: D’Sue wieren de Knackpunkt am Drogegeschäft.
Neien Anti-Kriminalitéits-Parquet
Och een extra Parquet national anti-criminalité organisée soll den éischte Januar forméiert ginn, fir juristesch Aktioune besser ze koordinéieren an ze spezialiséieren. Dat géing awer net duergoen, seet de Michel Gandilhon vum Observatoire français des drogues et toxicomanies. Et bréicht och een adequate Budget a Personal fir dëse Parquet.
Drogegewalt eskaléiert
Den Emmanuel Macron sot um Dënschdeg, et misst een de Problem vun der Drogegewalt esou ugoe wéi dee vum Terrorismus. Dofir wäert de franséischen Ausseminister haut bei engem EU-Conseil och nei europäesch Sanktiounsmesuren géint esou Bande proposéieren. Déi international Kooperatioun wier immens wichteg seet de Mathieu Zagrodzki, well den Drogenhandel net op de Grenzen ophält.
No der Reunioun um Dënschdeg sot den Inneminister Laurent Nunez de Mord um Mehdi Kessaci wier een “point de bascule”. Et geet een de Moment dovun aus, datt dës Dot als Aschüchterung a Warnung un den Amine Kessaci geduecht war an dat wier eng néi Entwécklung, sou de Mathieu Zagrodzki. Net den Aktivist selwer géing cibléiert ginn, mee seng Famill.
Ausbreedung vum Drogenhandel an nei Forme vu Gewalt
An de leschte Jore gouf mat Bléck op d’Situatioun zu Marseille dacks vun enger “Mexicanisation” vu Frankräich geschwat. Fir de Michel Gandilhon ass esou e Verglach awer komplett iwwerdriwwen. Och gesäit hien a Frankräich keng signifikant Changementer am Verhale vun den Drogebanden. Wat awer néi ass, sou de Michel Gandilhon, wier datt d’Drogebande ganz Quartiere kontrolléieren.
D’Gewalt wier schonn ëmmer do gewiescht, esou de Michel Gandilhon. An den 1980er-Joren hätt et souguer méi Doudesaffer ginn. Allerdéngs géing d’Gewalt sech elo ausbreeden, well och den Drogenhandel sech ausbreet. Dat wier virun allem op d’Hausse vum Konsum zeréckzeféieren. Eleng tëschent 2022 an 2023 huet sech de Konsum vu Kokain a Frankräich bal verduebelt. D’Konsequenzen dovu sinn net méi just a Stied wéi Marseille oder Grenoble ze spieren, wéi de Mathieu Zagrodzki constatéiert. Elo wieren och kléng Stied mat manner wéi 50.000 Awunner betraff.
Weiderféierung vum Engagement
De Mord um Mehdi Kessaci ass eng Tragedie, net nëmme fir seng Famill a Frënn, mee fir ganz Marseille, dat ëmmer nees Affer vun Drogegewalt ze bekloen huet. Aschüchtere loosse wëll den Amine Kessaci sech net. An engem Bäitrag am Le Monde schreift hie gëschter, hie géing weidermaache fir d’Schweigen sou ze duerchlächere wéi d’Kugelen d’Kierper vun den Affer.