arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och de Paräisser Parquet enquêtéiert géint d'Streamingplattform Kick

Nom Doud vun engem Streamer

|
headphones

1 min

Och de Paräisser Parquet enquêtéiert géint d'Streamingplattform Kick

Nom Parquet vun Nice huet elo och de Parquet zu Paräis eng Enquête géint d‘Plattform "Kick" ugekënnegt. Dat nom Doud vum franséische Streamer mam Pseudonym Jean Pormanove, live am Stream, no iwwer 12 Deeg vu Schikanen.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

D'Enquête soll erausfannen, ob Kick wëssentlech illegal Inhalter an organiséierter Band geliwwert hätt. Déi Responsabel riskéieren eng Prisongsstrof vun 10 Joer an eng Geldstrof vun enger Millioun Euro. 

Och déi franséisch delegéiert Digitalisatiounsministesch wëllt d‘Plattform viru Geriicht usichen. Déi australesch Plattform hätt net alles Méigleches gemaach, fir d‘Diffusioun vun deem geféierleche Contenu ze stoppen, esou d‘Clara Chappaz.

Den Doud en direct vum 46 Joer ale Streamer huet a Frankräich eng Diskussioun iwwer d‘Kontroll vun digitale Plattformen ausgeléist.