Scho kuerz no dem éischte Walerfolleg vum Emmanuel Macron 2017 koumen d’Fake News iwwer d’Brigitte Macron op. D’Verschwörungstheorie, si wier als Mann gebuer ginn, méi genee wier si hiren eegene Brudder, huet sech zënterhier ëmmer méi wäit verbreet.
Beschëllegt weise wéineg Regret
Déi 10 Persounen, deenen elo de Prozess gemaach gëtt, haten online dës Fake News verbreet an d’Brigitte Macron wéinst de 24 Joer Altersënnerscheed tëschent hir an dem Emmanuel Macron der Pädophilie beschëllegt.
Sollten si wéinst sexisteschem Cybermobbing schëlleg gesprach ginn, kéinte si bis zu 2 Joer Prisong kréien.
Ënner den Ugekloten ass ënner anerem eng Fra, déi sech selwer als Medium bezeechent a schonn d’lescht Joer an engem anere Prozess wéinst dëse Fake News verurteelt gouf, awer an Appell nees fräigesprach gouf. D’Geriicht hat erkläert, et wier keng strofbar Diffamatioun, eng Persoun als transsexuell ze bezeechnen.
Déi meescht Beschëllegt hu gëschter wéineg bereit, héchstens d’Ausmooss vun hire Posts erofgespillt a sech op d’Meenungsfräiheet beruff, oder ware guer net selwer present.
Eng Persoun huet sech entschëllegt a sot, hien hätt d’Brigitte Macron net wëlle schiedegen.
Koppel Macron ass bereet, wëssenschaftlech Beweiser ze liwweren
Net nëmmen a Frankräich sinn dës Fake News am Ëmlaf: Déi rietsextrem amerikanesch Influencerin Candace Owens huet op hire Kanäl mat iwwer 5 Millioune Follower ëmmer nees behaapt, d’Brigitte Macron hätt eng geheim Identitéit.
Och géint d’Candace Owens huet d’Koppel Macron eng Plainte an den USA agereecht an iwwer hiren Affekot matgedeelt, et wier ee bereet, wëssenschaftlech Beweiser ze liwwere fir d’Wourecht ze beweisen.