arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historescht Geriichtsurteel a Frankräich: Maximal Strof fir eng Fra

Justiz

|
headphones

1 min

Historescht Geriichtsurteel a Frankräich: Maximal Strof fir eng Fra

A Frankräich gouf et gëschter um Freideg en historescht Geriichtsurteel: Mat der Dahbia Benkired gouf fir d‘éischte Kéier eng Fra zur maximaler Strof verurteelt, déi am Code pénal virgesinn ass.

headphones

1 min

Wéinst Vergewaltegung, Folter a Mord vun deem 12 Joer ale Meedche Lola am Joer 2022, gouf déi haut 27 Joer al Fra zu liewenslänglechem Prisong verurteelt, mat enger sougenannter "sûreté incompressible". Dat heescht, datt si keng Méiglechkeet huet, eng fréizäiteg Entloossung aus dem Prisong unzefroen, an datt hir Prisongsstrof och no 30 Joer nach emol ka verlängert ginn.