arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meta muss 540 Milliounen Euro Strof bezuelen

Spuenien

|
headphones

1 min

Meta muss 540 Milliounen Euro Strof bezuelen

Wéint deloyaler Konkurrenz a Verstéiss géint d‘EU-Dateschutzreegele verhänkt d’spuenesch Justiz eng Geldstrof géint de Mammekonzern vu Facebook an Instagram.

headphones

1 min

© Bigstock / sergei_elagin
(Foto: Bigstock / sergei_elagin)

Hannergrond ass d‘Notzung vun Date fir personaliséiert Reklammen op Facebook an Instagram. Domat hätt de Grupp sech e risege Virdeel verschaaft, esou d‘Handelsgeriicht zu Madrid. Mam Strofgeld sollen eng 90 spuenesch Medienentreprisen entschiedegt ginn.

De politeschen Drock op de Meta-Konzern a Spuenie gëtt ëmmer méi grouss. Gëschter hat de Premierminister Pedro Sanchez ugekënnegt, eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun géint déi Responsabel vu Meta an d‘Weeër ze leeden.