Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen huet gutt Chancen

Zweet Mandat als Kommissiounspresidentin

Ursula von der Leyen huet gutt Chancen

D'Europaparlament stëmmt haut um Donneschdeg iwwer d‘Kandidatin Ursula von der Leyen fir een zweet Mandat un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun of. Si dierft dobäi op eng Majoritéit ziele kënnen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Ursula von der Leyen | © European Parliament play_arrow
Selbstbewosst wäert d'Ursula von der Leyen dem Vott vun haut entgéintkucken. (Foto: European Parliament)

361 Stëmmen: Déi brauch d’Ursula von der Leyen fir gewielt ze ginn. Sécher sinn hir wuel déi vun der Majoritéit aus hiren eegene Reien, der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen. Och wa grad bei deene Leschten nach e Mëttwoch Verschiddener soten, si wiere sech do nach net ganz sécher.

Et kënnt och op déi Gréng an Europäesch Konservativ a Reformer un

Zesumme kommen déi dräi Fraktiounen op knapps 400 Deputéierte. Dat wier also schonn eng Majoritéit, mee dat ass ze knapps, fir sech der Saach sécher ze sinn.

Et kënnt dowéinst och nach op déi aner un. Jiddwereen huet der CDU-Politikerin Fuerderunge mat op de Wee ginn. Manner Klimaschutz wëllen zum Beispill Deeler vun de Liberalen oder der Europäescher Vollekspartei. Anerer, wéi déi Gréng, pochen au contraire drop, um lancéierte Green Deal festzehalen.

D'Ursula von der Leyen muss also an hire politesche Leitlinne, déi si haut de Moien de Fraktiounen op den Dësch leet, ee Spagat maachen, fir jiddwereen zefridden ze stellen. Déi Guidelines sinn nach geheim, mee et schéngt, wéi wa si et fäerdeg bruecht hätt, opposéiert Säiten zefriddenzestellen. Well souwuel bei deene Grénge wéi och bei de Rietsnationalen "Europäesche Konservativen a Reformer" gëtt et därer eng ganz Partie, déi annoncéiert hunn, fir d'Ursula von der Leyen wëllen ze stëmmen.

Fernand Kartheiser bleift beim Neen

De Fernand Kartheiser vun der ADR a Member vun den "Europäesche Konservativen a Reformer" ass net iwwerzeegt. An an enger Entrevue a senger Fraktioun huet déi Däitsch a sengen Ae gewisen, datt si an de leschte Joren näischt bäigeléiert huet.

"Et geet einfach weider wéi bis elo a fir mech ass dat net akzeptabel."

De Fernand Kartheiser seet awer viraus, datt och a senger Fraktioun déi meescht fir d'Ursula von der Leyen stëmmen.

Och bei deene Gréngen tendéiert wuel eng Majoritéit dozou, Jo zu engem zweete Mandat von der Leyen ze soen. Och wann ee Bedenken huet, wat e gewësse Revirement am Klimaschutz ugeet.

"Wa mir d’Madamm von der Leyen net ënnerstëtzen, wee kréie mir dann?"

Esou faasst d’Tilly Metz d’Stëmmung an hirer Fraktioun zesummen. Si stëmmt mat Jo.

De Charles Goerens vun der DP wëllt sech et nach iwwerleeën.

Sozialiste fuerdere Poste fir Nicolas Schmit

Op alle Fall fir d'Ursula von der Leyen stëmmen, dat mécht de Marc Angel vun der LSAP. Seng Fraktioun huet ënner anerem e Poste fir hire Spëtzekandidat Nicolas Schmit an der nächster Kommissioun an engem Bréif un d’Kommissiounscheffin gefuerdert. Ob dat awer eng Konditioun ass fir si ze ënnerstëtzen, wollt keen esou confirméieren.

Den designéierte Kommissiounskandidat vun der Lëtzebuerger Regierung, de Christophe Hansen vun der CSV, mécht sech iwwerdeems keng Suergen. Och net en vue vun enger méiglecher Fuerderung vun de Sozialisten.

"Déi Fuerderung hunn ech och héieren, mee et ass um Enn un de Memberstaaten, laut dem Traité, Leit ze proposéieren."

Wien um Enn wéi zefriddegestallt gëtt vun de Propose vun der Kandidatin von der Leyen, wäert sech am Laf vum Donneschdeg erausstellen. De Vott am Parlament ass um 13 Auer. Mam Resultat ass am fréien Nomëtteg ze rechnen. 

Aktualitéit
Europa
Politik