Radioen

On air

Simon Says  |  Kraak & Smaak - I'll Be Loving You Feat. Ivar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Patriote fir Europa" fuerderen een Enn vum "Cordon sanitaire"

NEI EXTREEM RIETS FRAKTIOUN AM EU-PARLAMENT

"Patriote fir Europa" fuerderen een Enn vum "Cordon sanitaire"

Mat 84 Membere gouf eng nei Fraktioun um rietsextreeme Bord am Europaparlament gegrënnt. Si ass bis elo deen drëttstäerkste Grupp a kéint weider wuessen. D’Fraktioun vun “Identitéit an Demokratie” soll deemno opgeléist ginn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: European Union

23 Memberen aus op d'mannst siwe verschiddene Länner: Dat ass d’Konditioun fir eng Fraktioun am Europaparlament kënnen ze grënnen. Mat bis elo 84 Memberen aus 12 EU-Länner hunn d’"Patriote fir Europa" déi Bedingung largement erfëllt.

Rassemblement National wiesselt vun "Identitéit an Demokratie" bei d'"Patriote fir Europa"

Den ungaresche Premier Viktor Orbán hat déi nei Allianz virun enger Woch zu Wien annoncéiert. De Fransous Jordan Bardella vum Rassemblement National soll President vun de Patriote fir Europa ginn. Gréisst national Delegatioun ass de Rassemblement National mat 30 Deputéierte, duerno kënnt d’Fidesz-Delegatioun mat 11 Memberen, déi italieenesch Lega huet der aacht, déi tschechesch Ano 7 an déi éisträichesch FPÖ sechs.

Déi meescht ware virdrun Deel vun der Fraktioun "Identitéit an Demokratie", déi domat dann opgeléist gëtt. Et wollt een nees vir ufänken, esou de Jean-Paul Garraud, Europadeputéierte vum Rassemblement National e Méindeg am Europaparlament zu Bréissel.

"On aurait pu envisager une sorte de fusion, mais on a choisi finalement de rabattre toutes les cartes et on a créé un nouveau groupe ce qui permet aussi la venue d’autres délégations. Je pense que toutes les délégations nouvelles qu’on a montrent bien que c’est quelque chose qui a bien fonctionné."

An an déi nei Fraktioun vun de Patriote fir Europa hunn och Delegatiounen iwwergewiesselt, déi bis elo am Grupp vun den Europäesche Reformer a Konservative waren, wéi zum Beispill déi rietsnational Vox-Partei aus Spuenien. De Jean-Paul Garraud huet vun engem Resultat vu villen diskrete Gespréicher am Virfeld geschwat.

AfD bis elo net derbäi

Net mat derbäi sinn déi 15 Europadeputéiert vun der däitscher AfD. D’Marine Le Pen hat déi aus deem ale Virgänger-Grupp, der "Identitéit an Demokratie" Fraktioun, erausgepucht. Do ass awer, esou de Vertrieder vum Rassemblement National, nach net dat leschte Wuert geschwat.

Als extreem riets gesäit hie sech selwer net, betount den Harald Vilimsky. Hien nennt déi illegal Migratioun an de Mëssbrauch vum Recht op Asyl als Haaptinhalter. Et wéilt een ee Géigegewiicht zu deem opbauen, wat hien als "EU-Wansinn" bezeechent.

"Mir ist wichtig, dass diese 84 nur die erste Stufe in der patriotischen Rakete sind, der mehr noch folgen werden."

Nuancë bei der Positioun zu Russland an Ukrain

Et ass ee sech net iwwerall eens. Bei der Haltung zu Russland oder der Ukrain zum Beispill ginn et Nuancen. Esou zum Beispill beim Sebastian Stöteler vun der hollännescher Regierungspartei, dem Geert Wilders senger PVV.

"Mir als hollännesch Delegatioun wäerten d’Ukrain esou laang ënnerstëtzen, wéi Krich ass. Anerer géifen dat vläicht net maachen, mee als Grupp setze mir eis fir de Fridden an."

Meloni-Fraktioun geschwächt

D’Patrioten hätte Stand elo d’Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer op déi véiert Plaz gedréckt. Domat gëtt d’Positioun vun deem Grupp mat virop den Europadeputéierte vun der italieenescher Fratelli d’Italia vun der Giorgia Meloni, deem sech och de Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser ugeschloss huet, méi schwaach.

Allerdéngs hofft een och hei, datt sech do nach eppes deet, seet de Jean-Paul Garraud.

"Les ponts ne sont pas coupés, il y a des contacts et je pense que les choses évoluent dans le bon sens."

Poste-Fro net gekläert

Onkloer ass, wéi sech déi aner Fraktiounen am Parlament zu deem neie Grupp verhalen. Bis elo gouf et par rapport zur Extrême-Droite ee Cordon sanitaire, dat heescht, datt verhënnert gouf, datt Posten am Parlament un hir Vertrieder verdeelt ginn. Dat misst sech an dëser Legislaturperiod änneren, sot gëschter de Jean-Paul Garraud, Europadeputéierte vum Rassemblement National.

"Nous représentons des millions d’électeurs. Comment des responsables, qui se disent démocrates, pourraient nous opposer à nouveau ce cordon sanitaire? Donc nous serons candidats à de nombreuses responsabilités naturellement. Et nous entendons bien d’avoir des représentants élus, comme il se doit."

D’Decisioun iwwer déi Poste gëtt déi nächst Woch geholl, wann d’Europaparlament fir eng éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummekënnt.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik