Radioen

On air

Notturno  |  Christina Kalyss - DTMWTD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cordon sanitaire: Kee Vizepresident fir d'Patriote fir Europa

Europaparlament

Cordon sanitaire: Kee Vizepresident fir d'Patriote fir Europa

Am Europaparlament ginn dës Woch op där éischter Sessioun no den Europawalen déi iewescht Poste besat. Dorënner och déi vun de Vizepresidentinnen a Vizepresidenten. Dee Vott ass awer dowéinst interessant, well et een Test war, ob a wéi de sou genannte Cordon sanitaire an dësem neien Europaparlament funktionéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Europaparlament | © European Parliament play_arrow
Foto: European Parliament

Gëschter um Dënschdeg hunn déi 720 Europadeputéiert aus dem neie Parlament hir 14 Vizepresidenten a Vizepresidentinne gewielt. De Lëtzebuerger Marc Angel, deen zënter Januar 2022 Vizepresident vum Parlament war, huet net méi kandidéiert.

Dee Vott ass interessant, well e gesi konnt, ob a wéi de sou genannte Cordon sanitaire an dësem neien Europaparlament funktionéiert. Also ob déi pro-europäesch Parteien sech zesummen dinn, fir ze verhënneren, datt Vertrieder vun der Extrême Droite een héije Posten am Parlament kréien.

D'Patriote fir Europa ginn eidel aus

Et gouf Kandidaten aus der Fraktioun vun de Patriote fir Europa - dorënner de fréiere Chef vun der EU-Grenzagence Frontex, de Fabrice Leggeri - dee fir de Rassemblement National an d’Europaparlament gewielt gouf.

D’Patriote sinn déi drëttstäerkste Fraktioun am Europaparlament. Si hätten dem Verdeelungssystem am Parlament no ee Vizepresident zu gutt gehat, mee d’Majoritéit huet um Enn decidéiert, datt kee vun hinnen eppes un der Spëtzt vum Parlament verluer huet.

Cordon sanitaire gëllt net fir EKR-Fraktioun

Dee Cordon sanitaire gëllt iwweregens net par rapport zu de Vertrieder vun der riets-nationaler Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer. Deem Grupp also, zu deem de Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gehéiert, an an deem Vertrieder aus der italieenescher post-faschistescher Regierungspartei Fratelli d’Italia, genee ewéi déi vun der polnescher PIS-Partei Member sinn.

Hir Memberen si genee ewéi am leschte Parlament bei de Poste vun de Vizepresidenten net eidel ausgaangen, a si hunn dës Kéier och ee Kandidat fir ee vun de 5 Quästoren ze ginn.

Déi Votte sinn haut um Mëttwochmoien an do ass de Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéierten a fréiere Vizepresident vum Parlament dës Kéier ee Kandidat.

D’Isabel Wiseler-Lima, déi genee ewéi de Christophe Hansen am leschte Parlament op deem Poste war, huet decidéiert, net méi ze kandidéieren. 

Fir muer um Donneschdeg steet de Vott vun der Kommissiounspresidentin um Ordre du Jour. D’Ursula von der Leyen war bekanntlech Enn Juni vun de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner nominéiert ginn.

 

Aktualitéit
Europa
Politik