Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser am Europaparlament: Kee Grond d'Fraktioun ze wiesselen

Neien Europadeputéierten

Fernand Kartheiser am Europaparlament: Kee Grond d'Fraktioun ze wiesselen

De Fernand Kartheiser huet net wëlles, sech am Europaparlament enger anerer Fraktioun wéi der ECR unzeschléissen. Dat seet den Europadeputéierte vun der ADR am 100,7-Interview. Et gouf awer och eng Offer vum Viktor Orbán senger Fraktioun.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

 

Et gouf eng Gespréichsoffer vun de Patriote fir Europa, där neier Fraktioun zu där ënner anerem déi ungaresch Fidesz an de franséische Rassemblement National gehéieren. Dat huet de Fernand Kartheiser confirméiert.

Déi Offer géif hien och net ausschloen. Mee den neie Lëtzebuerger Europadeputéierten huet ganz kloer Virstellungen, a wéi eng Fraktioun et soll goen.

"Mir sinn als ADR scho ganz laang bei der ECR. Et ass u sech ee Grupp, wou mir eis wuel fillen. A wa sech elo politesch näischt ännert, gesinn ech och kee Grond, fir dat iergendwéi a Fro ze stellen."

ECR: Eng "ganz moderat konservativ" Famill

D’Grënnung vun där neier Gruppéierung vum Viktor Orbán, de Patriote fir Europa, wier awer och fir hien onerwaart komm.

"Mir woussten net, wéi den Här Orbán sech géing decidéieren, wat elo d'Iddi wier. Et muss een allerdéngs och kucken, datt dat elo eng nei Formatioun ass, wou nach programmatesch Onsécherheete sinn a wou sech och ganz vill Leit an Europa zesummefannen, déi alleguer eng ganz staark Perséinlechkeet an eng staark politesch Linn verfollegen."

Ob déi elo wierklech kohärent zesummenhale géingen, dat ass eng vun de Froen, déi den neien Europadeputéierte sech déi nächst Méint a Joren iwwer stelle wäert.

D'ECR wier iwwerdeems eng ganz moderat konservativ Famill. An et wier interessant ze kucken, wéi sech déi verschidde Familljen entwéckele géingen, esou nach den ADR-Politiker.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik