Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Upassungsstrategie un d‘Effekter vum Klimawandel soll aktualiséiert ginn

Ëmweltministère

Upassungsstrategie un d‘Effekter vum Klimawandel soll aktualiséiert ginn

D‘Regierung wëll fir d‘Upassung un d‘Effekter vum Klimawandel suergen. Dat mat 131 konkrete Mesuren a 16 verschiddene Beräicher, esou de Serge Wilmes de Freidegmëtteg virun der Press.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Den Ëmweltminister Serge Wilmes. | © 	MECB play_arrow
Den Ëmweltminister Serge Wilmes. (Foto: MECB)

Dës Aktualiséierung vun der Klima-Upassungsstrategie ass am CSV-DP-Regierungsprogramm vun 2023 virgesinn.

Op Basis vu wëssenschaftlechen Donnéeën hunn déi verschidde Ministèren d’Mesuren dofir ausgeschafft: Dobäi wier et ëm dräi grouss Froe gaangen, esou de Serge Wilmes.

"Wat sinn déi zukünfteg Konsequenzen an Impakter vum Klimawandel fir Lëtzebuerg, wie wäert impaktéiert ginn a wat kann een dogéint ënnerhuelen, als Gesellschaft als Regierung?"

Den Ëmweltminister huet ugekënnegt, datt an den nächste Méint eng ëffentlech Consultatioun soll organiséiert ginn, mat themateschen Atelieren, fënnef Konferenzen uechtert d’Land an enger Online-Plattform.

"De Klimawandel ass keng Fatalitéit"

Als Beispiller vu Mesuren huet de Minister d’Verstäerkung vun de Rettungsdéngschter genannt, fir op Hëtztwellen oder Iwwerschwemmunge virbereet ze sinn. Aner proposéiert Moossname si méi Renaturéierunge vu Flëss a Baachen, an d’Begréngung vum ëffentleche Raum fir den Impakt vu méi héijen Temperaturen ze limitéieren.

"De Klimawandel ass keng Fatalitéit. De Klimawandel ass zwar wuel vum Mënsch gemaach. Mee wann e vum Mënsch gemaach ass, kënne mer och eppes dogéint maachen."

De Projet fir d’Aktualiséierung vun der Klima-Upassungsstrategie mat den 131 proposéierte Mesurë war scho viru knapp dräi Méint vum Regierungsrot ugeholl ginn.

Lauschterenplay_arrow