Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Deeg méi fréi wéi zejoert: Lëtzebuerg erreecht Overshoot Day

Als éischt europäescht Land

3 Deeg méi fréi wéi zejoert: Lëtzebuerg erreecht Overshoot Day

Haut, de 17. Februar, erreecht Lëtzebuerg, als éischt europäescht Land, säin Overshoot Day. Dat bedeit, datt Lëtzebuerg all seng natierlech Ressourcen opgebraucht huet, déi dëst Joer theoretesch zur Verfügung stinn. 2025 ass de Lëtzebuerger Overshoot Day dräi Deeg méi fréi wéi nach zejoert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Overshoot Day | © Margot Richard / Unsplash play_arrow
Overshoot Day (Foto: Margot Richard / Unsplash)

Geschriwwe vum Ilana Joseph

Den Datum gëtt esou ausgerechent: All Mënsch op der Welt sti pro Joer 1,48 Hektar Land fir d'Produktioun vu sengem ganze Konsum zur Verfügung. Wann den Duerchschnëttsawunner oder -awunner:in aus engem Land also méi wéi dat fir säi Konsum brauch, dann ass et en Overshoot-Land. Dat Land verbraucht also méi un ökologesche Ressourcë wéi him zur Verfügung stinn. Als Konsequenz gräift een dann also op déi ökologesch Ressourcë vun anere Länner zeréck.

Vun haut un notzt Lëtzebuerg Ressourcë vun aneren

Am Duerchschnëtt brauch ee Resident aus Lëtzebuerg iwwer 15 Hektar pro Joer. Wann all Mënsch op der Welt esou liewen a consomméiere géif, da wieren iwwer 7 Planéiten néideg. Dat 7-facht vun deem, wat de Mënschen zur Verfügung steet. Vun haut un notzt Lëtzebuerg also déi ökologesch Ressourcë vun aneren.

Mat an déi Rechnung vum Overshoot Day fléissen de Konsum vu verschidden ekonomesche Secteuren. Esou zum Beispill d’Ernärung, fir déi Lëtzebuerg eleng schonn iwwer eng Welt brauch. Dat läit virun allem um héije Konsum un Déiereprodukter wéi Mëllech a Fleesch, där hir Produktioun méi Plaz an der Landwirtschaft an Usproch huelen. 

Greenpeace an MSF maachen op gesondheetlech Konsequenze vum Klimawandel opmierksam

Och matabezu ginn ënner anerem de Bausecteur, den Energieverbrauch vu private Stéit an d'Industriegidder, wéi zum Beispill cheemesch Produiten. Bal ee Véierel vum Lëtzebuerger ökologesche Foussofdrock ass dem Tanktourismus ze verdanken.

De Lëtzebuerger "Overshoot Day" mécht Greenpeace a Médecins sans Frontières Suergen. Fir de Lëtzebuerger Overshoot Day vun haut maache si op enger gemeinsamer Internetsäit op déi gesondheetlech Konsequenze vum Klimawandel opmierksam. 

  Lauschterenplay_arrow