Radioen

On air

De Weekend  |  Daniel Damasio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tilly Metz iwwer d'USA: "Et kann een net méi vu Frënd schwätzen"

Europadeputéiert vun déi gréng

Tilly Metz iwwer d'USA: "Et kann een net méi vu Frënd schwätzen"

D'Europadeputéiert vun déi gréng Tilly Metz bedauert, datt net all d'EU Länner bei der Reunioun zu Paräis derbäi sinn. Besonnesch elo wier et wichteg, datt d‘EU zesumme reagéiert, seet si am 100,7-Interview. Europa misst aus dem Wanterschlof eraus kommen, betount si.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Europadeputéiert vun déi gréng Tilly Metz | © Morgane Weidig play_arrow
Europadeputéiert vun déi gréng Tilly Metz (Foto: Morgane Weidig)

Mam US-President Donald Trump a senger Regierung hätten d‘Zäiten an d'Relatioun tëschent Europa an den USA sech definitiv geännert. 

"Mir mussen eis bewosst sinn, datt d'Vereenegt Staate mat där doter Regierung, do kann een elo net méi vu Frënd schwätzen, engem Frënd vertrauen ech, hei kann een net vertrauen, si sinn onberechenbar."

Historesch gesinn, wieren d‘USA zwar Partner an Alliéiert. Dat wier awer schwiereg, wann een ni weess, wat als nächst vum Donald Trump kënnt. Dat géif d‘Politik schwiereg maachen, an Zäite vu ville Krisen. Et misst ee méi wéi jee zesummen handelen a méi effizient zesummeschaffen. Aktuell géif et awer éischter an déi aner Richtung goen.

"Ëmweltschutz ass mat dëser Regierung net méi d'Prioritéit"

Datt Lëtzebuerg säin Overshoot Day 3 Deeg méi fréi erreecht huet wéi zejoer, trotz de villen Efforten, erreecht d‘Europadeputéiert vun déi gréng iwwerdeems net.

Zu dem Fait géifen nämlech eng sëllege Facteure matspillen. Notamment den Tanktourismus, d‘Stolindustrie an den héije Konsum un Déiereproduiten. 

Donieft datt zu Lëtzebuerg de Standard fir Haiser héich ass, a Lëtzebuerg Nummer 1 ass an Europa wat de Besëtz vun Autoen ugeet, géif een och d’Politik vun der neier Regierung spieren, sou d’Tilly Metz. Ëmweltschutz wier an den Hannergrond geréckelt a géif net méi als Prioritéit gesi ginn, fënnt si.

Lauschterenplay_arrow