search

/ Ungarescht Anti-LGBTQIA+-Gesetz: 14 EU-Länner appelléieren un d'EU-Kommissioun

Europäesch Unioun

|
headphones

1 min

Ungarescht Anti-LGBTQIA+-Gesetz: 14 EU-Länner appelléieren un d'EU-Kommissioun

14 EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, maachen een Appell un d‘EU-Kommissioun wéinst dem ungaresche Gesetz géint LGBTQIA+-Communautéiten. An engem Bréif, deen eis virläit, verurteele si rezent Mesurë vun Ungarn, dorënner ee Verbuet vu Pride Paraden.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Balint Szentgallay
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Balint Szentgallay)

Weider gëtt och den Asaz vu Gesiichts-Erkennungs-Software duerch d‘Police, fir Leit bei deene Paraden ze identifizéieren, kritiséiert.

D‘Signataire betounen, datt de Schutz vun den LGBTQIA+-Rechter een zentrale Wäert vun der EU ass. Si fuerderen d‘EU-Kommissioun op, all Mëttel, déi si zur Verfügung huet, ze benotzen, wann Ungarn déi Mesure net zeréckzitt. 

De Bréif ass haut um Dënschdeg Sujet op enger Reunioun vun den EU-Ministeren am Conseil Affaires Générales.

Den zoustännege Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel ass do net derbäi, dat wéinst privaten Engagementer.