Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Um Bols - Lëtzebuerg virun de Chamberwalen

Chamberwalen

Um Bols - Lëtzebuerg virun de Chamberwalen

"Um Bols - Lëtzebuerg virun de Chamberwalen" ass eng Serie vu Reportagen, fir déi mir bei d'Leit op den Terrain gaange sinn, fir déi grouss Sujeten ze beliichten, déi Lëtzebuerg virun de Chamberwale beschäftegt. Alles Theemen, déi och dat neit Parlament an déi nei Regierung beschäftege wäerten.

auto_stories

5 min

"Hei si mir sécher"

Annerhalleft Joer dauert de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain elo schonn. Zanterhier hunn iwwer 24 Milliounen Ukrainer an Ukrainerinnen hir Heemecht verlooss. Dëst geet aus engem Rapport vum UN Flüchtlingsrot (UNHCR) ervir. Ronn 6.000 hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt. D’Ana Angel huet zwou ukrainesch Famillen hei am Land begleet.

De ganze Reportage a Biller fannt Dir hei

 


Aarbechtszäitverkierzung: Zwee Betriber, zwou Meenungen

Ass eng gesetzlech Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Loun-Ausgläich zu Lëtzebuerg wichteg fir d‘Liewensqualitéit vun de Salariéeën ze verbesseren? Oder kéint dat der Kompetitivitéit vun de Betriber schueden? Dat ass eng vun de Froen, déi an dëser Campagne fir d‘Chamberwalen den 8. Oktober diskutéiert gëtt. Wat soe concernéiert Betriber a Salariéeën? D’Marlène Clement huet bei zwee Lëtzebuerger Betriber nogefrot.

De ganze Reportage a Biller fannt Dir hei

 


Dezentraalt Schaffen: “Mir bréngen de Büro bei Iech”

“Dir kommt net gutt op d’Aarbecht? Da brénge mir d’Aarbecht méi no bei Iech!” Dat ass d’Konzept vun de sougenannte Satellittebüroen. Ëmmer méi Betriber zu Lëtzebuerg maachen esou Büroe laanscht d’Grenzen zu den dräi Nopeschlänner op. Fir Frontaliere bedeit dat manner Stau a Stress, a méi Zäit a Liewensqualitéit. De Betriber hëlleft et, weider déi néideg Aarbechtskräften unzezéien. Zu Déifferdeng huet d’Raiffeisebank viru Kuerzem esou ee Satellittebüro opgemaach.

De ganze Reportage a Biller fannt Dir hei

 


Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg: Wou sinn eis Jonker?

Tomorrow is too late - muer ass et ze spéit. Ënner deem Motto rifft Fridays for Future zu engem Klimastreik op. Däitschland - a weltwäit ginn de Weekend vum 16. September Dausende vu Jonken op de Stroossen erwaart. Zu Lëtzebuerg schéngt et dëse Weekend awer roueg ze bleiwen. Do stellt sech d’Fro: Wou ass déi jonk Klimabeweegung zu Lëtzebuerg eigentlech drun?

Den Artikel zum Reportage fannt Dir hei

 


Remboursement vun der Psychotherapie: "Et traue sech méi Leit ze kommen."

Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert. No jorelaangen Diskussiounen tëschent der Federatioun vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess, kréie Mineuren elo 100 Prozent an Erwuessener 70 Prozent pro Therapie-Seance zeréckbezuelt. Wat huet sech zanter dem Remboursement geännert?

Den Artikel zum Reportage fannt Dir hei

 


Schraasseger Prisong: Méi Plaz, manner Tensiounen

Am Schraasseger Prisong waren zäitweis iwwer 700 Männer a Fraen agespaart, woubäi déi maximal Kapazitéit eigentlech bei 580 läit. Zanter der Ouverture vum Uerschterhaff zu Suessem sëtzen nach knapp 330 Prisonéier zu Schraasseg. Wéi huet sech dee Changement op de Schraasseger Centre Pénitentiaire auswierkt?

Den Artikel zum Reportage fannt Dir hei

 


"Ech si gären den Duerfdokter"

De Rick Mertens war sech dofir an de Norde vum Land ukucken, wéi et am Moment ëm déi medezinesch Grondversuergung bestallt ass.

Den Artikel zum Reportage fannt Dir hei

 


Schoulrentrée ... op Franséisch

D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. Zanter dëser Rentrée kënne Kanner an dräi weidere Grondschoulen och op Franséisch Liesen a Schreiwe léieren. An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng wësse si schonn, wéi dat geet. Do leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer. De Pierre Reyland duerft an d'Klass kucke goen.

De ganze Reportage mat Biller fannt Dir hei

 


Mam Zuch vun Ëlwen an d’Stad – an dat all Dag

Zanter 35 Joer fiert d’Georgette Hahn vun Ëlwen aus an d’Stad schaffen - an owes erëm zeréck. Aus der nërdlechster Gemeng vu Lëtzebuerg brauch si, wann alles gutt geet, eng Stonn an eng véierel vun Dier zu Dier. Mir hu si op hirem alldeeglechen Trajet begleet.

De ganze Reportage mat Biller fannt Dir hei

 


Fir d'éischte Kéier wielen

Vill Jonker ginn e Sonndeg fir d‘éischte Kéier wielen. Op enger Table ronde am Lycée Aline Mayrisch huet de Pierre Reyland véier Premièresschüler:innen, déi fir d‘éischte Kéier wiele ginn, begéint a mat hinnen iwwer hir Erwaardunge fir dës Chamberwale geschwat.

Den Artikel zum ganze Reportage fannt Dir hei

 


Zementindustrie: Ouni CO2 geet et net

Vun allen Industrieberäicher ass d‘Zementindustrie eng vun deenen, déi am meeschten CO2-Emissioune produzéieren. Déi geplangten Dekarboniséierung fir de Klimaschutz stellt och déi Lëtzebuerger d'Zementindustrie virun e groussen Challenge. De Jacques Ganser huet d‘Cimalux-Wierk zu Rëmeleng an Esch besicht.

De ganze Reportage mat Biller fannt Dir hei


“Déi Tauxen hu mech bal ruinéiert”

Nodeems d’Präisser vun engem Daach iwwert dem Kapp andeene leschte 50 Joer enorm geklomme sinn, gi se zanter ronn engem Joer neeserof. An awer: duerch déi héich Zënse sinn d’Aktivitéiten um Wunnengsmaart, wat de Kaf a Verkaf vun Haiser ugeet, ëm 47 Prozent par rapport zum leschte Joer gefall. Zanter bal zwee Joer probéiert och d’Sara hirt Haus ze verkafen – ouni Erfolleg. D’Ana Angel huet sech am Kader vun eiser Serie "Um Bols – Lëtzebuerg virun de Chamberwalen" mam Sara am eidelen Haus getraff.

De ganze Reportage mat Biller fannt Dir hei