Bal zwee Joer sinn et hier, op engem 24. September, datt an der Stad vun der Gare bis op de Glacis ronn 3.000 Jonker marschéiert sinn. Ënner dem Motto “Eis steet d’Waasser bis zum Hals”, eng kleng Uspillung un déi schlëmm Iwwerschwemmungen am Summer 2021, hunn déi Jonk gefuerdert: d’Politik misst endlech aktiv ginn am Kampf géint d’Klimakris.
Am Verglach zu eisen Nopeschlänner kënnt et jo net esou dacks zu esou groussen Demonstratiounen hei am Land. Et war déi éischt Maniff, déi vu Youth for Climate organiséiert gouf. An de Méint duerno huet d’Jugendbeweegung ëmmer nees Honnerte vu Leit, jonk an al, op d’Stroosse kritt, erënnert sech d’Zohra Robin. Déi jonk Aktivistin war deemools d’Gesiicht vu Youth for Climate.
“Well och lo, och wann et zu Lëtzebuerg am Moment éischter net méi sou wierklech eng aktiv Klimabeweegung gëtt vun deene Jonken, dat huet awer seng Nowierkungen, an den Discours ëm Klima huet sech wesentlech verännert an deene leschte véier Joer.”
Duerch Zoufall gouf d’Zohra Robin Barthelmy d’Gesiicht vu Youth for Climate zu Lëtzebuerg. Dat, well si einfach manner schei war, wéi vill anerer an hirem Alter. Am Ufank war et nach ganz witzeg, erënnert si sech, mee ganz séier gouf et hir dunn awer och ze vill.
“Well ech war awer 16 an ech konnt dat guer net aschätzen, op wat ech mech do géif aloossen. An dat huet iergendwann den Effekt gehat, also grad wann ech hei duerch d’Stad getrëppelt sinn, hunn ech mech am Fong geschummt, datt ech net vu Loft a Léift liewen. Well soubal ech iergendeppes gemaach hunn, wat iergendeng Emissioun verursaacht, och wann et nëmmen ee Stéck Uebst war, waren et Leit, déi dorop domm reagéiert hunn.”
Eng international Beweegung - och zu Lëtzebuerg
Dat ass awer net de Grond, firwat et am Moment - virun allem am Verglach zu Däitschland - esou roueg ronderëm d’Zohra Robin an där ganzer Beweegung ginn ass. Si erkläert, datt an den anere Länner et d’Studenten a Studentinne sinn, déi am meeschten aktiv sinn. Hei zu Lëtzebuerg net. Et gëtt sech also ausserhalb vum Grand-Duché op den Unie politiséiert. A grad do géif schonn den éischte Problem leien, mengt d’Zohra Robin.
Si geet awer nach méi wäit an hirer Reflexioun. Ënner anerem den Educatiounssystem hei am Land misst mat an d’Verantwortung gezu ginn, mengt déi deemoleg Spriecherin.
“A mir waren eng wansinneg wäiss a “Classique’s-Beweegung”, wat eis och ëmmer frustréiert huet.”
Datt d’Ëmgangssprooch tëschent den Aktivisten an Aktivistinnen haaptsächlech Englesch war, well vill Engagéierter aus den internationale Schoule koumen, hätt och nach zu enger gewëssener Exklusivitéit bäigedroen, bedauert d’Zohra Robin.
Ee Level erreecht, deen aschüchtert
Natierlech hätt ee sech iwwer all Erfolleg, a wann en nach esou kleng war, immens gefreet. Dacks wier d’Roserei an d’Gefill, datt si als Jonk eleng gelooss ginn, awer grouss gewiescht, erënnert sech d’Zohra Robin
“Ech hat net onbedéngt eng normal Jugend an där Hisiicht, an dat mécht mech och heiansdo queesch. Ech denken net, datt ech vill verpasst hunn, mee am Fong verdéngt all jonke Mënsch fir ouni esou vill Suerge wéi méiglech opzewuessen. An dat hate mir net. Mir hunn eis ganz fréi misse Gedanken iwwer ganz grouss Saache maachen, iwwer déi Kanner sech am Fong keng Gedanke sollte maachen.”
De Géigendeel war de Fall, Interviewe moies fréi um Radio, virun der Schoul, Riede schreiwen, Administratives organiséieren. Eleng fir d’Beweegung um Lafen ze halen, wieren all hir Ressourcen drop gaangen. Iwwer d’Rekrutement vu méi jonke Leit hätt ee sech leider eréischt ze spéit Gedanke gemaach, iwwerleet d’Zohra Robin kritesch. Mee dëst war och net einfach.
“Wéi mir ugefaangen hu mam Klima ware mir all: “Ok, wa mir all kee Plastik méi benotzen, dann ass d’Klima gerett.” An natierlech, no dräi Méint ware mir op engem ganz anere Level vun der Educatioun an dem Bewosstsinn, wéi Klima funktionéiert.”
D’Beweegung hätt sech deemno esou entwéckelt, datt et immens schwiereg gouf fir nei Leit, eranzekommen. Si hätte sech ageschüchtert gefillt vun dem Level, op deem Youth for Climate agéiert huet.
Wann ee sech esou intensiv mam Theema Klima géif auserneesetzen - bis zu véier Stonnen den Dag - da géif ee séier mierken, datt de Klimakampf méi wäit muss goen, mengt d’Zohra Robin.
“Eppes, wat mir ganz vill bäibruecht huet am Klimaaktivismus u sech, ass, wéi intersectional alles ass. Dat heescht, datt all déi Luttë matenee connectéiert sinn. Et kann ee Klimagerechtegkeet net ouni Klassismus kucken, net ouni d’Aarbechterkämpf, net ouni d’geschlechterrelated Kämpf.”
Dës Weiderentwécklung hätt och net just zu Lëtzebuerg stattfonnt. Grad an Däitschland - de Begrëff Klimakleber ass jo mëttlerweil bekannt - hätte sech nei Beweegunge gegrënnt, mat neie Fuerderungen an neie Methoden.
Ass nach Hoffnung do?
Mee grad wéi bei all anerer Form vun Aktivismus hätt een och beim Klimaaktivismus séier feststelle missen, datt et ee Privileeg wier, sech aktiv u politesche Sujeten ze bedeelegen.
“An enger kapitalistescher Gesellschaft, déi esou op Effizienz an op Profit aus ass, ass eng Aarbecht, déi näischt bezilt, natierlech eppes, wat net onbedéngt erstriewenswäert ass fir vill Leit. Och wa si et vläicht gäre géife maachen, mee si kënnen et einfach net.”
Vill Aarbecht wier et nämlech nach ëmmer, seet déi jonk Aktivistin. Grad wéi déi meescht al Membere vu Youth for Climate ass si am Ausland op der Uni an do och nach ëmmer am Kampf géint d’Klimakris aktiv.
Huet si no esou ville Jore Kampf nach ëmmer Hoffnung? Jo, mengt d’Zohra Robin. Eng Léisung wier, de Kapitalismus op en Enn ze bréngen, seet si mat engem Laachen. Mee effektiv ass si der Meenung, datt eng kapitalistesch-kritesch Approche vu Virdeel ass, wann et ëm de Kampf ëm d’Klima geet.