Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Et geet net duer un e puer Schrauwen ze dréinen”

CELL – Centre for ecological learning

“Et geet net duer un e puer Schrauwen ze dréinen”

D’Resultat vun de Chamberwale war fir d’Leit vum CELL – dem Centre for ecological learning – e brutaalt Erwächen, seet d'Magali Paulus. Si sinn onzefridden, datt déi Gréng an déi Lénk verluer hunn oder just stagnéiert sinn. D'Asbl gesäit doran e Rejet fir de Mouvement vun der Transitioun. Si wëllen awer weider sensibiliséieren an op den néidege Gesellschaftswiessel hiweisen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

“Vläicht sinn d‘Leit sinn einfach iwwerfuerdert mat de villen Krisen.”, seet d’Magali Paulu. Mir hunn d’Coronakris duerchlieft, dono koum den Ukrainkrich mat der Energiekris. “Vill wëllen der näischt méi héieren." An awer misst jidderengem kloer ginn, datt mir e Wiessel an eiser Liewensmanéier brauchen, anescht hätt de Klimachangement ëmmer nämlech méi staark Auswierkungen.  Elo kéint een di Changementer nach a gudder Ambiance maachen, seet d’Magali Paulus. Si bedauert awer, datt aktuell keng Oppenheet do schéngt ze sinn. 

Besser Kommunikatioun

De CELL stellt sech och selwer a Fro. “Wat hu mir net gutt gemaach, datt d'Leit de Message net verstinn ?” freet d’Magali Paulus. Si wéilte probéieren elo anescht ze kommunikéieren an d’Leit och matzehuelen.

Fir de Rescht wëllen si d’Regierungsaarbecht ganz genee suivéieren. De CELL fënnt d’CSV an d’DP net progressistesch genuch, an esou hoffen si op eng lénks-progressiv Oppositioun an der Chamber. Réckschrëtt déi geholl ginn oder ze kleng Schrëtt déi gaange ginn, wéilt een denoncéieren. "Fir eng Transitioun vun eisem Gesellschaftsmodell erbäi ze feiere geet et nu Mol net duer un e puer Schrauwen ze dréinen", esou d’Magali Paulus.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Ëmwelt